E Samschdeg war d'Lëtzebuerger Police Thema an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

D'Decisioun vum Bettenduerfer Gemengerot, deen net méi wëll weider un der Nordstad-Fusioun deelhuelen, wäert annuléiert ginn. Dat huet den Inneminister Léon Gloden am Background hei op der Antenn annoncéiert. De Bettenduerfer Gemengerot hat Enn September an engem geheime Vott géint d'Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher am Kader vum Projet Nordstad ofgestëmmt.
 
"D'Gemengegesetz gesäit vir, wéini e Gemengerot à huis clos statuéiert, also geheim. Meeschtens ass dat bei Ernennunge vum Personal. Déi do Decisioun ass net legal an der Form vun, ech wäert déi annuléieren, an da mussen och déi aner Gemengen, déi iwwreg bleiwen, dann eng nei Decisioun huelen, well da muss jo decidéiert ginn, wann et déi selwecht Decisioun bei Bettenduerf bleift, datt se dann eeben ouni Bettenduerf wäerte viru maachen."
 
Hie géing d'Decisioun vu Bettenduerf bedaueren, well d'Nordstadfusioun eng gutt Iddi wier, an och fannen, datt d'Biergerinnen a Bierger ëm hir Meenung misste gefrot ginn, wann et ëm eng Fusioun geet.

Caritas

De CSV-Minister huet gelueft, nom Finanzskandal bei der Caritas hätt de Luc Frieden "als Krisemanager" zesumme mat der Regierung bannent 2 Méint Léisunge fonnt fir Problemer, fir déi d'Regierung net verantwortlech wier. E groussen Deel vun den Aarbechtsplazen hätte kënne gerett ginn, duerch e Prêt kéinten aner Aktivitéite vun der Caritas ofgewéckelt ginn a fir international Projete géingen och Léisunge gesicht ginn. Hie géing net verstoen, datt d'Kierch net méi present gewiescht wier.
 
"Besonnesch déi, déi d'Kierch féieren, de Kardinol. Ech stelle fest, am Heescheverbuet huet de Kardinol sech wierklech mat Engagement an déi Debatt abruecht. An ech hate mer am Fong och erwaart, datt mat deem selwechten Engagement de Kardinol sech och an déi Debatt ëm d'Caritas mat erabréngt."

Nout- a Rettungsdéngschter a Police

Fir am Fall vun Naturkatastrophe méi séier reagéieren ze kënnen, sollen d'Nout- a Rettungsdéngschter besser equipéiert ginn, mat Material wéi Pompelen, sou wéi dat zum Beispill an Däitschland de Fall wier.
 
"Well, an ech war jo selwer laang Buergermeeschter an am Gemengerot, net all Gemeng brauch esou grouss Equipementer, a mir hoffe jo, datt een net oft Pompele brauch, fir Kelleren ze entfluten, an esou, a wann dat dann op enger Gemeng läit, an dat gëtt vläicht dann och net esou gewart, wéi et soll sinn, dat heescht, de CGDIS huet dat Equipement a stellt dat zur Verfügung."
 
D'Poliziste solle méi visibel ginn. Déi däischterblo Uniforme géingen net genuch opfalen, an anere Länner hätt een do zum Beispill giel oder orange Sträifen. Nieft de sougenannte "Bodycams", Kameraen, déi um Kierper gedroe ginn, mat deenen d'Poliziste vum nächste Juni un equipéiert ginn, soll och den Asaz vun Tasere getest ginn.

"Fir mech ass et ganz wichteg ze verstoen, wéi de Polizist um Terrain muss schaffen. Ech war op Nuetspatrullen, a verschidde Bezierker, maachen dat virun, och war ech mat der Police de la Route, ech konnt och de Radar flashen."

Dës Woch gouf an der Chamberkommissioun iwwert de Gesetzprojet fir d'Verschäerfe vum Platzverweis-Gesetz diskutéiert. Domat dierf de Buergermeeschter decidéieren, datt eng Persoun wärend 31 Deeg vun enger Plaz muss fort bleiwen. D'Oppositioun kritiséiert, dat wier verfassungswiddreg. Dozou sot de Minister, den neie Platzverweis géing op deem aktuellen, dee vun der leschter Regierung agefouert gouf, berouen.
 
"Zweetens ass de Buergermeeschter responsabel a senger Gemeng fir, wéi mir dat nennen Ordre public local, Salubrité, Tranquillité, Sécurité publique. Dat ass jo bis haut, steet dat nach an deenen Dekreeter vu 1789 bis 1791. Mir hu jo elo en, ech hunn de Projet de loi elo erabruecht, wou mer d'Policereglementer, d'Basis fir déi änneren a wou dann och déi do Pouvoire vum Buergermeeschter an enger moderner Verfassung, an engem moderne Wording dra sinn. Dat heescht, wann d'Oppositioun dat do kritiséiert, kritiséiert se am Fong d'Grondstruktur vun de Pouvoire vum Buergermeeschter. Ech sinn der Meenung, datt do kee Verfassungsproblem ass."
 
An deem Zesummenhang sot de Policeminister, de méi strenge Platzverweis wier e Punkt aus dem Koalitiounsaccord an hie géing all Punkt aus dem Koalitiounsaccord ëmsetzen.

Gemengefinanzen

Zu de Gemengefinanze sot de Léon Gloden, datt d'Subsiden, déi d'Gemenge kréien, missten iwwerschafft ginn. Hien huet d'Beispill vun de Schoule genannt.
 
"Mir gi 5.500 Euro pro Meter carré Beton brut, bis zu engem gewësse Plaffong, mee vu que datt alles esou deier ass, de facto kréien d'Gemenge vun eis knapps d'Hallschent vum Coût vun enger Schoul. Ech hat lo virun dräi Wochen huet eng Gemenge mech kontaktéiert, eng kleng Gemeng aus dem Osten, déi wëllt eng nei Schoulinfrastruktur bauen, och zukunftsorientéiert, mat méi Capacitéit wéi se lo brauch, 60 Milliounen Euro. Dat packen d'Gemenge net méi, dat heescht, mir mussen dee ganze Finanzmodus op d'Leescht huelen an aner Solutiounen do fannen."
 
Weider Themen am Background waren d’däitsch Grenzkontrollen, d’administrativ Vereinfachung an d’Asylpolitik.

Background am Gespréich vum 5. Oktober - Léon Gloden

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.