1.500 m2 frësch Produkter um Rondpoint Raemerech

Dëse Mëttwoch 18.4. um 8.00 Auer huet deen neie Match zu Esch séng Dieren opgemaach. Deen ass op Nummer 29 an der rue de Moedling, um Rond-Point Raemerech, am komplett renovéierte Gebei vu Wolf-Moritz, déi séch dat och nach ëmmer mam Match deelen. Daat ass elo dee 14. Supermarché Match, dee seng Dieren elo zu Lëtzebuerg opgemaach huet. Doniewt huet de Groupe nach 2 Cora-Geschäfter zu Lëtzebuerg an 12 smatch'en, wou demnächst nach een zu Déifferdéng derbei kënnt. Den neie Supermarché Match zu Esch huet eng Verkaafsfläch vu 1500m2, 50% dovun sinn op frësch Produkter ausgeluecht. Daat soll eng vun de Stärkten vum neie Geschäft sinn, niewt dem Präis an dem Choix. Zu Esch fand Dir eng "Cave à Vins" mat iwwer 500 Referenzen, e "Gourmet Corner", eng "Place du marché" an deen 9. Point de Vente "Les Délices de mon moulin" fir dee klengen an dee groussen Honger. Am neie Supermarché Match zu Esch goufe 50 Arbechtsplaatze geschaaf an déi Leit sinn all Dag fir Iech do vu moies 8.00 bis owes 20.00 an och Sonndes vun 8.00 bis 13.00.