Veräiner an hir Schwieregkeete mam neien ASBL-Gesetz: Mir hëllefen Iech
E Freideg de Moie war den Alex Bodry eisen Invité an der Emissioun "Dir hutt d'Wuert".
Brauch een als ASBL Keeserevisoren? Kënne Papp a Jong zesummen an engem Comité sinn? Wéi kann ech mäi Veräin am Firmeregëster (Registre de commerce et des sociétés RCS) androen? A muss all Veräin mam neie Gesetz eng ASBL ginn?
Dat waren e puer vun de Froen e Freideg de Moien, wéi mir d’Antenn fir Iech opgemaach hunn an der Emissioun "Dir hutt d’Wuert" iwwer dat neit ASBL-Gesetz. Den Text ass am Juni 2023 an der Chamber gestëmmt ginn an trëtt den 23. September dëst Joer voll a ganz a Kraaft. Bis dohinner mussen déi iwwer 8.000 ageschriwwe Veräiner a Fondatiounen hir Statutten iwwerschaffen a se offiziell hannerleeën. De Jurist an LSAP-Politiker Alex Bodry, dee wäit iwwer 30 Informatiounsversammlungen zu deem Thema bis ewell gehalen huet, war am Studio fir op déi konkret Froen ze äntweren an eng Rei praktesch Tuyauen ze ginn.
Et muss een och mam neie Gesetz net zwéngend eng ASBL ginn, mä et kann een eng "Association de fait" bleiwen. Dat hätt näischt mam neie Gesetz ze dinn. Dem Alex Bodry no géifen dës Veräiner awer riskéieren, eng Rei Nodeeler ze hunn. Als Member wier een zum Beispill perséinlech haftbar. A virun allem bei de Banke géif et och ëmmer méi schwéier ginn, e Kont ze halen oder e Kont opzemaachen. Duerfir huet de Jurist de Veräiner prinzipiell geroden, eng eegen ASBL ze grënnen. Et sief, et géif ee guer keng Sue generéieren a weider keng Aktivitéiten hunn. Dat Administratiivt géif bei verschiddenen awer dozou féieren, datt se léiwer ophalen. Dat wier definitiv ze bedaueren. Heiansdo wier et effektiv schwéier, fir ze wëssen, wou een no Informatioune siche muss an da géif et och virkommen, datt een ënnerschiddlech Äntwerte kritt, sot den Alex Bodry.
Informatioune fënnt een op der staatlecher Internetsäit myasbl.lu, dem Registre de commerce et des sociétés selwer, respektiv der Agence du bénévolat. D'Agence du bénévolat organiséiert an den nächste puer Méint nach dräi Informatiounsversammlungen queesch duerch d'ganzt Land. Stéchdatum, bis wéini d'Veräiner hir Statutten an d'Rei setze mussen, ass wéi gesot den 23. September.