Et geet drëm, eng fundamental Gläichstellung am Gesetz ze verankeren
En Donneschdeg de Moie war de Wirtschaftsminister Lex Delles bei eis am Studio fir d'Emissioun "Dir hutt d'Wuert".
Vill Kritik a Remarken haten eis Nolauschterer an eiser Emissioun “Dir hutt d’Wuert” iwwer d’Flexibiliséierung vun den Ouvertureszäiten am Commerce. Den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles war am Studio, fir op d’Froen ze äntweren.
Wei kann ee kontrolléieren, dass d’40-Stonne-Woch agehale gëtt?
Eng Vendeuse vu Wooltz sot, et géing haut schonn u Personal um Terrain feelen, vill Patrone géinge sech d’Congéen esou leeën, wéi si et gären hätten an et géing och u Kontrolle feelen. Wie kontrolléiert, dass sech un d’40-Stonne-Woch gehale gëtt? Dofir gëtt et een Droit du travail, un dee jidderee sech muss halen an dat gëtt och reegelméisseg vun der ITM kontrolléiert, kontert de Minister. Natierlech kéint et sinn, dass et verschidden Zäite gëtt, zu deenen ee Betrib zou ass an doduerch d’Salariéë gezwonge sinn, sech och zu där Zäit Congé ze huelen. An de Patron hätt och d’Recht Congé ze refuséieren, wann et legitim Grënn ginn am Bezuch mat der Entreprise oder mat de Congésdeeg vun anere Salariéen.
Ass ee mat dëser Flexibiliséierung net der Willkür vun de Patronen ausgesat?
De Lex Delles ënnersträicht, dass dat eigentlech haut schonn de Fall ass. Haut schonn hunn 80% vun de Commerce-Surfacen am Land eng Derogatioun, fir dierfe Sonndes ze schaffen. Och de Gesetzprojet géing elo just op de Wee goe fir ze soen, dass een opmaache kann, mee net muss.
“Sinn dofir Butteker an der Groussgaass sonndes op? Nee!”, erkläert de Lex Delles. Et géing just drëm goen, eng fundamental Gläichbehandlung am Gesetz ze verankeren. D’Gesetz seet, dass een an Zukunft ka säi Commerce vu 5 Auer Moies bis Owes 10 opmaachen. Schonn haut dierft e Buttek bis 8 Auer Owes op hunn. Mir géingen awer all Plaze kennen, wou een um 6 Auer Owes duerch d'Akafsstroossen trëppelt an schonn alles zou ass, obwuel et méiglech ass, méi laang op ze hunn. De Minister erkläert och, dass sech dat mam Urteel vun 2017 geännert huet, wou ee Bäcker géint eng Tankstell geklot hat, well d’Tankstell (mat enger Surface de vente vun ënner 20 Meterkaree) scho Moies um 5 konnt Kaffiskichelcher verkafen an de Bäcker réischt méi spéit hutt dierfen opmaachen. Dat gouf deemools geännert an elo kéint de Bäcker méi fréi opmaachen, mee e misst awer net.
Schued Sonndesaarbecht dem Veräinsliewen?
Vill Nolauschterer maache sech och Suergen, dass d’Sonndesaarbecht zu Laaschte geet vum Sport, der Kultur, an dem Veräinsliewen am allgemengen. Vill Eltere géinge jo och gären hir Kanner op Matcher begleeden. De Lex Delles versteet dat Argument, léisst et awer net gëllen, well et jo och haut schonn esou wier, dass Leit sonndes schaffen. D’Restauratioun wier op, de Kino wier op, de Bäcker wier op an d’Tankstelle wieren op. Doduerch wieren awer net manner Leit sonndes um Fussball. D’Veräinsliewe géing sech och net just op sonndes begrenzen, mee et bräicht een och Benevoller an der Woch.
Leiden am Endeffekt d’Kanner drënner, wa sonndes geschafft gëtt?
Hie wier selwer Schoulmeeschter an et géing stëmmen, dass ëmmer méi Kanner mat Verhalensstéierungen an der Schoul wieren, mee doru wier net d’Sonndesaarbecht Schold. Déi Bindung tëscht Elteren a Kanner wier awer net op Sonndes begrenzt. Wann een de Weekend schafft, da wier den anere Partner (dacks) bei de Kanner an den éischte Partner wier dann zum Beispill méindes an dënschdes do fir bei de Kanner ze sinn.
Wéi ass et mat der Kannerbetreiung, wann Eltere sonndes schaffen?
Et wier nämmlecht bei de Crèchë wéi beim Commerce. Schonn haut hätten d’Crèchen d’Méiglechkeet, fir méi laang opzemaachen. Och Dagesmammen hätten déi Méiglechkeet. D’Ëffnungszäite kéinten also ugepasst ginn.
Gëtt de Sonndes-Zouschlag ofgeschaaft oder ausgeweit op den Horeca-Secteur?
Et wier net virgesinn, eppes um Sonndes-Zouschlag vu 70 Prozent ze änneren, versprécht de Lex Delles. Do wier probéiert ginn, eng Rumeur ze streeën, do wier awer näischt drun.
Et wier traditionell esou gewuess, dass et déi eng Secteure gëtt, wou e Sonndes-Zouschlag bezuelt gëtt an an Aneren, notamment dem Horeca-Secteur, net. Dat wier eng Fro vum Code du Travail an do wier am Moment net virgesinn, fir eng Ännerung ze maachen.
"Dir hutt d'Wuert" vun 8.00 Auer un. Schéckt eis Är Meenung era via e Formulaire op eisem Internetsite RTL.lu oder telefonéiert eis e Freideg de Moien op den 1330.