De Moien goung et an eiser Emissioun „Dir hutt d‘Wuert“ ëm den Doud an ëm d‘Stierwen zu Lëtzebuerg.

Invitéiert am Studio waren d‘Diane Dhur, Presidentin vun Omega 90 (eng Associatioun déi ënner anerem Leit un hirem Liewensenn begleet) an de Maître Jean-Jacques Schonckert, President vun der Associatioun „Mäi Wëlle, mäi Wee“ (déi sech asetzt fir d‘Recht an Dignitéit ze stierwen).

Wéi soll een den Doud mat senger Famill a Frënn thematiséieren?

Den Dout wier nach ëmmer en Tabuthema an dobäi wier et wichteg de Sujet mat Famill a Frënn ze thematiséieren a sech och selwer domadder auserneen ze setzen, erkläert d‘Diane Dhur. Wann näischt geschriwwen oder festgehalen ass, gëtt et och fir d‘Ëmfeld vum Patient schwéier fir Decisiounen ze huelen. Zum Beispill soll een ufänken driwwer ze schwätzen, wat een nach wëll maachen, iert een stierft. Duerno kéint ee sech dann driwwer Gedanken maachen, wat een wëll, wann een un säin Liewensenn kënnt. Do kann een zum Beispill Lëschte maachen wat engem wichteg ass vu Wäerter, seng reliéis Astellungen, wien een wëll gesinn an wien guer net méi, proposéiert d‘Presidentin vun Omega 90. Et wier wichteg och ze definéieren, wat ee guer net wéilt hunn. Wéi eng Aschränkung wier guer net acceptabel, och dat misst een definéieren.

Ganz wichteg wier dann duerno och eng Vertrauenspersoun festzeleeën déi genau dat vertrëtt, wann een net méi selwer fir sech schwätze kann. Et kéint een och méi Persounen als Vertrauenspersounen uginn, allerdéngs géing ee bei Omega 90 de Leit dovunner ofroden. Do kéinten duerno och Situatiounen entstoen, bei deene sech dann déi zwou Persounen net eens sinn. Et misst och net ëmmer de Partner sinn, mee vläicht e gudde Frënd, well déi, den Ament selwer, emotional manner verstréckt sinn. Et wier och wichteg, offen an der Famill ze soen, wien d‘Vertrauenspersoun ass, fir dass doduerch kee Sträit entsteet, sou d‘Diane Dhur.

"Mäi Wëlle, mäi Wee", géing eigentlech och uroden, eng Haaptpersoun ze nennen, mee fir de Fall wou déi Persoun vläicht och schonn dout ass, wier et gutt eng Nummer 2 ze definéieren an dat och reegelméisseg mat deene Persounen ze thematiséieren, fir ze kucken, ob se ëmmer nach prett sinn, sou den Jean-Jacques Schonckert.

Wat kann een maachen fir sech op säin eegenen Doud virzebereeden?

Vill Leit hätte Problemer mat der Terminologie. Dat wier e bëssen de Manktem vun den 2 Gesetzer, sou den Maître Schonckert. Op der enger Säit hätt een, wat d‘Euthanasie an de Suicide assisté ubelaangt, eng Disposition de fin de vie. Dës ass un d'Euthanasie-Gesetz gebonnen an doran hält de Patient geschriwwen fest, wéi seng Haltung par Rapport zur Euthanasie ass. Et wier wichteg, dass dës Dokument och bei der nationaler Euthanasie-Kontrollkommissioun hannerluecht gëtt, fir dass et gülteg ass, sou den Jean-Jacques Schonckert. Et ginn e puer Konditiounen fir eng Euthanasie kënnen ze kréien. Zum Beispill muss een iwwer 18 Joer al sinn an et muss een eng onheelbar Krankheet hunn, déi irreversibel ass. Demenz wier zum Beispill keng onheelbar Krankheet an an dem Fall kéint d‘Euthanasie net spillen. Dat géing d‘Gesetz den Ament net hierginn.

Anerersäits gëtt et d‘Patienteverfügung (op Franséisch: Directive anticipée) déi un d‘Gesetz iwwer Palliativ-Medezin gebonnen ass. Doranner kann de Patient festleeën, wat hie wëll oder net wëll gemaach kréien, wann hien onheelbar krank ass. Zum Beispill kënschtlech ernäert oder intubéiert ginn. Doran kéint een awer och festleeën, ob een zum Beispill wéilt verbrannt ginn.

Wat geschitt wann näischt festgeluecht gouf?

Et ginn verschidde Weeër säi Wëllen auszedrécken. Dat wat ëmmer fir d'alleréischt zielt, wier den aktuellen Ausdrock vum Wëllen. Dat misst net verbal sinn, mee kéint och mat Handzeechen oder Zeechen mat den An sinn. Dat heescht den aktuelle Wëlle zielt virun enger Patienteverfügung oder Disposition de fin de vie. Och wann een eppes festgehalen hätt, géing dat net méi zielen, wann de Patient eppes anescht wëllt, erkläert d'Diane Dhur.

Wann ee säi Wëlle net méi ausgedréckt kritt, dann zielt de schrëftleche Wëllen, also d‘Patienteverfügung oder d‘Disposition de fin de vie. An wann et béides net géing ginn, dann géing een nom „presuméierte Wëllen“ sichen. Dat heescht den Dokter versicht erauszefannen, wat de Wëlle vum Patient war, andeems hien de Kontakt mat Frënn a Famill sicht.

Fuerderungen un d'Politik

D‘Gesellschaft wier prett, fir nees een Debat iwwer d‘Enn vum Liewen ze féieren. De Jean-Jacques Schonckert fuerdert, dass op 2 Punkten am Gesetz vun 2009 misst nogebessert ginn. Engersäits misst een d‘Alterslimitt ofschafen an et och fir Jugendlecher méiglech maachen, an Dignitéit ze stierwen. An donieft misst een iwwer de Volet vun den neuronal-degenerative Krankheeten diskutéieren, notamment am Fall vun enger Demenz.

Donieft bräicht et eng Struktur wéi eng „Maison de fin de vie“ wou d‘Leit kéinten an Dignitéit stierwen.

Punkto palliativ Medezin kéint een och nach nobesseren, fënnt d‘Diane Dhur. Vill Leit kéimen nach net an de Genoss vun der palliativer Fleeg. Do kéint ee mam Instrument „PICT -Palliative Care Indicators Tool“ schaffen, mat deem den Dokter kann erausfannen, duerch Froen, ob e Patient palliativ ass oder net. Dat misst gesetzlech verankert ginn fir dass jiddereen den e Recht op palliativ Fleeg hätt, déi och géing kréien.

Dir hutt d'Wuert iwwer d'Thema "Stierwen"