Wéi ass Är Meenung zum Thema "Heescheverbuet"?
En Dënschdeg de Moie waren d'Lydie Polfer an de Seneca Raimondi (Caritas) bei eis am Studio fir d'Emissioun "Dir hutt d‘Wuert".
Et gouf déi lescht Wochen ganz vill diskutéiert an et ass héchst ëmstridden: d‘Heescheverbuet. Wat ass är Meenung dozou? Endlech Neel mat Käpp oder falsch Entscheedung? Et gi jo schonn vill sozial Mesuren an der Stad Lëtzebuerg, fir de Leit ze hëllefen, mee ginn dës duer?
Bei eis am Studio souzen zwou Persounen, fir op är Froen z’äntweren:
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi mat hirem Schäfferot um Ursprong vum Heescheverbuet ass an de Seneca Raimondi, Assistant social beim Service Streetwork vun der Caritas.
Et gëtt Zäit. Et ass ze laang gewaart ginn. Mir musse géint déi aggressiv an organiséiert Heescherei virgoen, huet de Moien d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an der Emissioun “Dir hutt d’Wuert” widderholl. Den Heescheverbuet war d’Thema. D’Buergermeeschtesch sot och nees, datt et net ëm déi einfach Heescheleit geet. Déi waren a wäerten ëmmer an der Gesellschaft sinn.
Et wär een ebe méi wäit gaange, well an de leschte Joren näischt ënnerholl gouf. D’Stad Lëtzebuerg géif enorm vill maachen a géif 75 Leit bezuelen, fir de Leit op der Strooss ze hëllefen. Mä et géifen der eng Rei ginn, déi keng Hëllef wéilten.
Nolauschterer, déi ugeruff hunn, hu bedauert, datt et sou wäit huet misse kommen an dat Ganzt e politesche Kampf ginn ass. Anerer hunn och confirméiert, datt ze vill geheescht gi wär an der Stad an datt een aggresséiert gouf, wann een näischt ginn huet. Geschäftsleit hu sech iwwert de Knascht bei de Butteker beklot, wou Strummerten dacks schlofen a wou da moies alles misst gebotzt ginn.
E Méindeg huet jo d’Police ugefaange méi repressiv virzegoen. Sanktionéiert gouf awer keen. D’Presenz vun der Police soll elo no an no verstäerkt ginn.
D’Lydie Polfer sot och, datt de Verbuet, deen zanter Mëtt Dezember gëllt, schonn eppes bewierkt hätt. Eng Rei Leit wäre schonn net méi do.

© Didier Weber / RTL