E Freideg de Moie war de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel bei eis am Studio fir d'Emissioun "Dir hutt d'Wuert".

E Freideg Moien hat Dir d’Wuert bei eis iwwert eis Sécherheet an Europa an eis Ënnerstëtzung fir d’Ukrain. Am Studio war de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel, fir op Froen ze äntweren.

Hu mir iwwerhaapt genuch Material, fir d’Ukrain ze ënnerstëtzen?
Momentan gëtt et knapp, huet de Vizepremier ze bedenken ginn. Dofir wéilt ee jo elo nobessere via de Rearm-Europa-Plang, deen 800 Milliarden Euro virgesäit, fir an den nächste Jore massiv Waffen ze kafen. An Europa gëtt et haut nach – anescht wéi an den USA – elauter verschidde Waffesystemer, déi net interoperabel sinn. Hie wier sech och net sécher, ob d’USA net awer nees wäerte Waffe liwweren. Den Ament wier d’Imprevisibilitéit ganz grouss. Et sollt een elo strateegesch virgoen, fir als EU gemeinsam virzegoen, mengt de Xavier Bettel, virun allem och, wann et drëms geet, Waffen ze produzéieren an och openeen ofzestëmmen.

Wa bis eng Firma zu Lëtzebuerg wëll Waffe produzéieren, "ass d’Land ze kleng"

Eng eege Rëschtungsindustrie hei am Land sollt een och net ausschléissen. Dat hätt nämlech en ekonomesche Retour fir Lëtzebuerg, sou de Xavier Bettel. Et sollt ee sech do näischt verschléissen. Als zoustännege Minister fir den Aussenhandel hätt hien och d’Mandat vun der Regierung kritt, de Kontakt mat Industrien am Ausland ze sichen. Hie wier sech awer bewosst, datt d'"Land ze kleng ass", wa bis wierklech eng Firma op Lëtzebuerg komme wéilt, fir hei Waffen ze produzéieren. Mä da géif den Noper et ebe maachen. Am aktuelle Kontext misst ee wëssen, wat ee wëll.

Efforte maache bei der Nato-Contributioun

D’Lëtzebuerger Finanzsituatioun ass jo eng speziell, well bei eis den NATO-Defense-Budget op den RNB (Revenu national brut) gerechent gëtt an net op de globale PIB (Produit international brut). Dat mécht bis zu eng hallef Milliard d’Joer aus, huet de Vizepremier erkläert. Den Challenge, dat kënne bäizehalen, kéim elo, seet den Ausseminister. Mir wiere den Ament op der drëttleschter Plaz an der Lëscht vun den NATO-Länner. De Risk, datt dowéinst ëmmer méi mam Fanger op eis gewise gëtt, wier grouss. An der Regierung misst ee sech deem unhuelen, fir méi séier op déi viséiert 2% Support ze kommen. Dat géif an den nächste Wochen a Méint geschéien. De Premier Luc Frieden hat schonn als Stéchdatum den NATO-Sommet zu Den Haag de 24. Bis 26. Juni genannt.

E kloren Neen gouf et nach emol vum DP-Ausseminister zu der Fro vun engem obligatoreschen Militärdéngscht hei am Land. D’Defenseministesch Yuriko Backes hätt scho viru Wochen a Méint gesot, datt dat keng Optioun fir Lëtzebuerg wier.

Sti mer virun engem Drëtte Weltkrich?

Definitiv ausschléisse kéint hien am Moment guer näischt, huet de Xavier Bettel e Freideg de Moien an der Emissioun gemengt. Mä d’Zil wier natierlech, duerch Diplomatie an Ofschreckung e Krich ze verhënneren. Duerfir misst Europa sech arméieren. Dat géif awer net heeschen, datt een net méi op anerer wéilt zielen. "Dee falschste Message" wier, fir ze maachen, wéi wann een näischt méi mat deenen anere wéilt ze dinn hunn.

Mir mussen iergendeng Kéier Russland un den Dësch kréien

D’Leit hunn och Froen zu de Relatiounen tëscht Europa Russland gestallt. De Xavier Bettel huet nach emol erkläert, datt hien no den Exekutiounen zu Butscha de Kontakt zu Moskau ofgebrach hätt. Mä ouni Dialog géif ee kee Fridde kréien. An et misst een duerfir iergendwa Russland un den Dësch kréien. Hie géif dowéinst all aktuell Initiative fir Dialog ënnerstëtzen. Eng Friddenskonferenz wéi déi an der Schwäiz zejoert ouni Russland "géif näischt bréngen". Et wier awer alles net sou einfach, well Russland den Ament och ee ganz "imprevisibelen" Acteur wier.

Dir hutt d'Wuert: Europa arméiert sech