E Freideg de Moie war de Jean-Philippe Boever bei eis am Studio fir d'Emissioun "Dir hutt d'Wuert".

Et misst een ëmmer méi oppassen, fir mat deem wat ee seet, kengem op d‘Féiss ze trëppelen. Respektiv wann een eppes seet, géif ee séier an e bestëmmten Eck gedréckt. Dat waren nëmmen zwou vun den Aussoen e Freideg de Moie vun Nolauschterer bei eiser Emissioun "Dir hutt d‘Wuert". D‘Theema war Meenungsfräiheet an am Studio mat derbäi war de Jurist a Member vum RTL-Ethikrot Jean-Philippe Boever.

“Et gëtt een dacks an de rietsen Eck gedréckt”

Vill Leit hunn erageschriwwen, datt si d‘Impressioun hätten iwwerhaapt näischt méi dierfen ze soen, respektiv datt all Wuert misst op d‘Goldwo geluecht ginn. Aner Nolauschterer hu geschriwwen, datt wuel jiddereen dierft eng Meenung hunn, ma dann och misst aner Iddien akzeptéieren.

Een Nolauschterer huet dann zum Beispill erkläert, hie géing dacks an de rietsen Eck gedréckt ginn, wann hie géing soen, dass een net genuch Geld géing an d'Integratioun investéieren. Vill Migrantn géingen einfach an hiren Heemer bleiwen an net un eiser Kultur deelhuelen. Wann een dat géing soen, da wier een direkt e Rassist.

Dorop äntwert den Jean-Philippe Boever: 
 
"D’Meenungsfräiheet heescht och, dass ee Saachen dierf soen, déi net onbedéngt Mainstream sinn. Et hänkt ëmmer dovun of, wéi ee se seet. Et hänkt dovun of, ob ee se argumentéieren kann.  Ob déi Argumenter novollzéibar sinn. A bei Iech do sinn eng ganz Partie Saachen warscheinlech duerchaus novollzéibar, sou dass ech net fannen, dass dir Iech domadder an iergendeen Eck eran manövréiert mat esou Aussoen. Dir gräift jo net iergendeen do direkt un. An ab dem Moment ass dat duerchaus eng Meenung, déi ee kann hunn a soll kënnen dobaussen vertrieden."
 
Extremismen dogéint wiere keng Meenung a géife keen Debat zouloossen.
 
"Mat den Extremismen argumentéieren, dat sinn keng Argumenter. Well wann ee soss näischt aneschters méi huet wéi ze soen: 'dat do ass Meenungsfräiheet' dann ass een u sech, sech selwer bewosst, dass ee je2nseits vun der Limitt ass."

Et géif eng Wourecht an déi misst etabléiert ginn, huet e weideren Nolauschterer betount. Géif dat net geschéien, géifen Diskussiounen net bis zum Schluss gefouert.

Et feelt un Debatte-Kultur

Allgemeng huet de Jean-Philippe Boever constatéiert, datt d'Debatte-Kultur bei eis am Land net méi wierklech do wier. Den Debat géing ëmmer méi rau ginn an zwar op alle Niveauen: politesch, ekonomesch an am privaten Ëmgang mateneen. Et misst een nees ufänken, uerdentlech mateneen ze schwätzen a virun allem deem anere Mol nozelauschteren:
 
"Vläicht misste mer emol ufänken, uerdentlech mateneen ze schwätzen a virun allem deem anere Mol nozelauschteren. An net schonn ze mengen, ech wéisst, wat e géing wëlle soen a mir da schonn am Kapp ufänken, meng Meenung ze preparéieren, ouni datt ech wierklech emol gelauschtert hunn, wat deen anere seet, wat en domadder mengt, verstanen ze hunn, eventuell nozefroen an dann dorobber ze äntweren."

RTL zenséiert meng Commentairen?

Et gouf och de Reproche vun engem Nolauschterer gemaach, datt op rtl.lu géif zenséiert ginn. Dat wier awer keng Zensur, ma eng Moderatioun, esou d‘Explikatioun vum Affekot. RTL ass responsabel fir Contenuen, déi op sengem Site publizéiert ginn, dowéinst mussen déi de Prinzippie respektiv dem gesetzleche Kader vun der Meenungsfräiheet gerecht ginn. De Krittär, ob eppes online geet wier net, ob eng Meenung RTL gefält oder net. De Krittär wier natierlech d'Form, wéi ee seng Meenung ausdréckt, well och d‘Meenungsfräiheet wier net absolut. Dacks wier de Problem, datt Meenungen oder Behaaptungen als Fakten duergestallt ginn. Mengen géif net onbedéngt heeschen ze wëssen oder kënnen ze beweisen.

Dir hutt d'Wuert zum Thema Meenungsfäiheet

"Dir hutt d'Wuert" vun 8.00 Auer un. Schéckt eis Är Meenung era via e Formulaire op eisem Internetsite RTL.lu oder telefonéiert eis e Freideg de Moien op den 1330.