Präisdeierecht, Klimawandel a Sécherheet: Wou muss d'EU-Politik séier handelen?
E Mëttwoch de Moie war d'Vertriederin vun der EU-Kommissioun Anne Calteux bei eis am Studio fir d'Emissioun "Dir hutt d'Wuert".
Déi aktuell Krisenzäite wieren ee vun de Grënn, wisou sech d'Leit nees méi fir d'Europawalen interesséieren, dat huet d'Vertriederin vun der EU-Kommissioun Anne Calteux am RTL-"Dir hutt d'Wuert" e Mëttwoch erkläert.
Aarmutsbekämpfung, Zukunft vun der EU, Defense, demokratesch Wäerter an Ekonomie: Dat wieren d'Sujeten, déi d'Leit am meeschten interesséieren, wat sech och bei de Froen a Remarke vun de Nolauschterer a User gewisen huet.
D'Defense ugeschwat: An deem Beräich wëll sech d'EU besser opstellen, eng gemeinsam Arméi opbauen an d'Rëschtungsindustrie stäerken.
E weidere wichtege Sujet ass den Ëmweltschutz. D'Anne Calteux seet, datt hei jidderee vun de Bierger gefrot ass, fir seng Aart a Weis, fir ze liewen, ze änneren. Et wier e kollektiven Effort néideg, fir dem Klimawandel entgéintzewierken. D'Onofhängegkeet vun der Energie an och erneierbar Sourcë wieren dowéinst och eng vun de Prioritéite vun der Europäescher Unioun. Ee Punkt vun dësem Wandel wier de Verbuet fir Autoe mat Verbrennungsmotor, deen 2035 jo soll kommen.
D'Anne Calteux vun der EU-Kommissioun huet och ënnerstrach, datt den Decisiounsprozess an der EU misst vereinfacht ginn, fir datt een a Krisenzäite méi séier handele kéint. An deem Kontext géif gekuckt ginn, bei wéi enge Sujeten ee vun der Unanimitéit eriwwer bei eng einfach Majoritéit kéint wiesselen. Ee Beispill heivir wier d'europäesch Aussepolitik.
"Dir hutt d'Wuert" vun 8.10 Auer un. Schéckt eis Är Meenung era via e Formulaire op eisem Internetsite RTL.lu oder telefonéiert eis e Mëttwoch de Moien op den 13 30.