Är Meenung war gefrot. E Freideg de Moie konnt Dir der Ministesch Sam Tanson Är Froe stellen.

Legaliséiere vum Cannabis - dat war Sujet an eisem "Dir hutt d'Wuert" e Freideg de Moien. D'Meenunge goungen an zwou Richtungen: fir eng Entkriminaliséierung vum Cannabis an dogéint. An och vill praktesch Froe goufe gestallt: zum Ubau, dem Autofueren, dem Konsum an enger Co-Proprietéit an allgemeng dem legale Kader, firwat een zum Beispill just maximal 3 Gramm dierf bei sech hunn a firwat keng Coffeeshops oder Social Clubs ugeduecht goufen.

D'Justizministesch Sam Tanson stoung den Nolauschterer Ried an Äntwert an huet dobäi ënnerstrach: Cannabis-Konsum erlaben, géif net heeschen, datt Cannabis net geféierlech wier. Et hätt een einfach, wéi vill aner Länner, festgestallt, dass Drogepolitik een Echec ass an d'Kriminaliséierung vun de Konsumenten net zum erwënschten Zil gefouert huet. De Cannabis wier awer eng Drog an dofir géing staark op Preventioun gesat ginn. Besonnesch Jonk Leit solle sensibiliséiert ginn, well speziell bei hinnen hätt de Cannabis een negativen Impakt op den Developpement vum Gehier an et kéint zu psychologesche Problemer kommen. Ma och allgemeng géing et nach e groussen Erklärungsbedarf an der Gesellschaft ginn a soubal d'Gesetz gestëmmt wier, géing een och eng Sensibiliséierungscampagne starten. Wéini et sou weit ass, konnt d'Ministesch awer net soen. Et géing een aktuell op den Avis vum Staatsrot waarden.

D'Sam Tanson huet dann och nach eemol rappelléiert, dass et den Ament net erlaabt ass, fir Cannabis selwer doheem unzebauen. Soubal et autoriséiert ass, hätt et dann och de Virdeel, dass een d'Qualitéit an d'Stäerkt selwer kéint kontrolléieren.

Beim Cannabis hannert dem Steier bleift et awer bei Null-Toleranz. Wann ee wëll Auto fueren, dierf ee sou gutt wéi näischt consomméiert hunn. D'Police géing awer natierlech just bei engem Doute iwwerhaapt mol kontrolléieren. Do géingen et mëttlerweil méi performant Tester ginn, fir am Speechel ze kucken, ob den Test uschléit.

Soss goufen och vill technesch Froen iwwer den Ubau gestallt. An et goung ënnert anerem och ëm méiglech Konflikter wéinst dem Geroch, dee beim Fëmme vum Cannabis entsteet. Besonnesch Leit a Residenze fillen sech do dacks gestéiert. D'Justizministesch sot, dëst wier eng klassesch Fro vu Co-Proprietéit an déi géing sech och stelle beim normalen Tubak, beim Hale vun Déieren oder beim Grillen um Balcon. Et kéint vläicht iwwer d'Co-Proprietéits-Reglement gereegelt ginn, dass zum Beispill keng Planzen dierfe geziicht ginn.

Aktuell géing och schonn u weideren Etappe vun der Legaliséierung geschafft ginn, zum Beispill dem Ubau vu medezineschem Cannabis hei am Land an och nach eventuell déi komplett Legaliséierung vum rekreative Cannabis, also net just de private Konsum an Ubau bei sech doheem.

Dir hutt d'Wuert - Mam Sam Tanson