Energie- a Klimaprimmen: Hëllefe sinn u ganz spezifesch Critèrë gekoppelt
En Dënschdeg de Moie waren d'Sarah Juchems an de Fenn Faber vun der Klima-Agence am "Dir hutt d'Wuert", fir op Är Froen ze äntweren.
Energiespueren! Dat war de grousse Sujet en Dënschdeg de Moien an eiser Emissioun "Dir hutt d'Wuert". D'Froen un de Fenn Faber an d'Sarah Juchems vun der Klima-Agence hunn dobäi dacks ronderëm d'Primme gedréint, ma et gouf och vill gefrot nom Asaz vu Solaranlagen, Wäermepompelen, Brennholz an Holzpallets.
Firwat kritt een d'Energieprimmen net direkt ausbezuelt?
Vill Nolauschterer wollte wëssen, firwat eigentlech d'Energieprimmen net direkt vun der Rechnung ofgezu ginn an et sou laang dauert, bis ee se rembourséiert kritt. Den Direkter vun der Klima-Agence Fenn Faber erkläert, dass dës Hëllefen eben u ganz spezifesch Critèrë gekoppelt sinn, an dës ebe fir d'éischt misste gepréift ginn, iert een d'Montante fräi gëtt.
Brauch et een Energieberoder, fir kënne vun den Aiden ze profitéieren?
Donieft muss een och iwwer een Energieberoder fueren, fir kënne vun de Klimabonus-Hëllefen vum Staat ze profitéieren. Dobäi geet et ëm Aidë fir d'Renovatioun, d'Isolatioun oder zum Beispill nei Belëftungsanlagen. Dës Beroder wieren um private Marché, mee agreéiert beim Ministère an dës géingen dann och de ganze Projet begleeden. Wann een awer elo just eng eenzeg Mesure wéilt huelen, wéi zum Beispill just nei Fënsteren ze maachen, da kéint ee mat dem neie Klimabonus vun dësem Joer och einfach just mat engem zertifiéierten Handwierker zesummeschaffen, ouni déi komplett Energieberodung mussen ze maachen. Dës Mesure wier awer warscheinlech eréischt vun Ufank 2023 un en place.
Si Balkon-Kraaftwierker sënnvoll?
A punkto Photovoltaik gouf och d'Fro gestallt op sougenannten „Balkon-Kraaftwierker“ eppes dagen. Dës Mini-Solaranlage wieren a grousse Stied staark um kommen an och zu Lëtzebuerg wieren dës erlaabt a wa se ënner 800 Watt bleiwen, misst een och keng Autorisatioun vum Stroumgestionnaire froen. Dës Anlagë kéinten tëscht 5 an 10 Prozent vum Stroumbedarf vum Stot decken. A besonnesch an de Méint mat vill Sonn kéinte se awer d'Grondlaascht droen an zum Beispill komplett d'Frigoen an aner Alldagsgeräter decken. Wann d'Anlag fix installéiert wier, kéint een och vun de Klimabonus-Aidë vum Ëmwelt- an Energieministère profitéieren, esou nach den Direkter vun der Klima-Agence.
Donieft gouf am Tripartitesaccord decidéiert, dass vum 1. Januar 2023 un d‘TVA op de Solaranlagen vun 17 op 3 Prozent erofgesat gëtt an zousätzlech géing nieft dem Klimabonus nach e Supplement vu bis zu 25 Prozent dobäikommen.
Wéi héich ginn Holzpallets subventionéiert?
Och Holzpallets solle jo subventionéiert ginn. Allerdéngs haten eis zwee Experten nach keng Informatiounen, wou do d'Plaffonge wäerte gesat ginn. Hei géif nach op déi politesch Decisioun gewaart ginn.
Ass "mam Kamäin hëtzen" nohalteg?
Vill Leit wéilte dann elo am Wanter och mat Holz-Kamäiner hëtzen. Et kéint nohalteg a sënnvoll sinn, punktuell mat Holz ze hëtzen, mee et wier wichteg, dass d'Holz eng gutt Qualitéit huet an och dréchen ass. Donieft wier et besser am ländleche Raum, well mat den Emissiounen dann d'Duerchlëftung besser wier. An der Stad kéint ee schlëmmstefalls am Wanter dozou bäidroen, dass d‘Loftqualitéit méi schlecht gëtt.
Maache Wäermepompelen a modernen Haiser Sënn?
D'Sarah Juchems vun der Klima-Agence erkläert: "Optimal ass natierlech en Haus mat niddreger Virlaftemperatur, also Foussbuedemheizung oder Wandheizung a mat gudder Isolatioun. Ma, och an engem Haus dat net de Neibau-Standarden entsprécht oder eng méi héich Virlaftemperatur brauch mécht eng Wärmepompel Sënn. Wann se propper dimensionéiert ass. Natierlech ass se an der Energieeffizienz do net esou effikass."
"Dir hutt d'Wuert" vun 8.10 Auer un. Schéckt eis är Meenung era via e Formulaire op eisem Internetsite RTL.lu oder telefonéiert eis en Dënschdeg de Moien op den 13 30.