E Mëttwoch war d'Stad Esch Thema op RTL. Den Escher DP-Schäffe Pim Knaff an de grénge Co-Parteipresident Meris Sehovic hunn op Är Froe geäntwert.

De Stroossen-Traffic a säin Impakt op verschidde Quartieren, war ee vun de Sujeten. Do hu béid Politiker ënnerstrach, datt den Duerchgangsverkéier misst reduzéiert ginn. Déi douce Mobilitéit, virop de Vëlo, soll dogéint méi Plaz kréien. Dofir misst ënnert anerem d'Signalisatioun verbessert an de Reseau vu Vëlosweeër ausgebaut ginn. Den Auto ganz ecartéieren, géif awer net goen. Parke war och en Thema. Do sollen d'Residenten Prioritéit kréien. Dowéinst misste baussent Esch Parkméiglechkeeten kreéiert ginn.

Dir hutt d'Wuert mam Pim Knaff a Meris Sehovic

An och zu Esch gi sech Gedanken iwwert de Sujet Sécherheet gemaach. Dat géif ganz eescht geholl ginn, de Sécherheets-Probleem wier nämlech reell.
Mat preventive Mesuren bei Beliichtung, beim Urbanismus a Street-Work, wëll ee fir méi Sécherheet suergen. Dernieft wieren och awer méi Police-Presenz um Terrain a Kameraen néideg.

De Liberale Pim Knaff géif och eng Gemenge-Police begréissen. De Grénge Sehovic gesäit do awer keng Plus-value fir d'Sécherheet.

Da goung et och ëm d'Attraktivitéit vun Esch.
Hei wiere mat Awunner a Geschäftsleit verschidde Punkten ausgeschafft ginn. De Leerstand vu Geschäfter wier awer ganz schwéier an de Grëff ze kréien. Am Quartier Belval misst een de Leit och nach méi bidden.
Hei wier een awer vum Fonds Belval ofhängeg.

"Dir hutt d'Wuert" vun 8.10 Auer un. Schéckt eis är Meenung era via e Formulaire op eisem Internetsite RTL.lu oder telefonéiert eis e Mëttwoch de Moien op den 13 30.