E Mëttwoch war eis Haaptstad Thema op RTL. DP-Kandidatin Corinne Cahen an den LSAP-Co-Spëtzekandidat Gabriel Boisante hunn op är Froe geäntwert.

Virop waren d'Sujete Mobilitéit a Sécherheet. Et bräicht ee verkéiersberouegt Quartieren an dat kéint duerch speziell amenagéiert Stroosse geschéien, hu béid Invitéen erkläert. D'Gemeng kéint awer keng Radaren opstellen, just Schëlder, déi d'Vitess uginn. Dat preziséiert d'DP-Kandidatin Corinne Cahen.

D'Koordinatioun vun de Parking-Schantercher an der Stad wier deels grausam gewiescht an hätt der Attraktivitéit vun der Stad geschuet, sou d'Kritik vum Sozialist Gabriel Boisante. Béid Politiker ware sech dann och och eens, dass d'Infrastrukture fir d'Vëlosfuerer musse verbessert ginn. D'Offer vum Ruff-Bus kéint owes ausgebaut ginn. Den ëffentlechen Transport ronderëm Manifestatioune verbessert ginn an op Bus-Arrête kéint een en Noutruff-Knäppchen installéieren a se besser beliichten, fir d'Sécherheetsgefill vun de Leit ze stäerken, esou de Gabriel Boisante.

Attraktivitéit vun der Stad

Net all d'Sécherheetsprobleemer wiere mat der Police ze léisen. Et misst och méi Sozialaarbecht geleescht- a spezifesch Infrastrukture geschaaft ginn. Méi Liewen an d'Quartiere kréien, war och e Wonsch, deen erakoum. Dofir bräicht een awer méi Attraktivitéit. Urbanismus wier hei d'Stéchwuert, sou de Gabriel Boisante. D'Paräisser Plaz wier e Beispill, wéi een et net soll maachen. Dat wier eng Wüüst ouni Gréngs.

Et sollen och speziell Plaze geschaaft ginn, wou d'Leit kënnen zesummekommen an et missten nees méi Butteker opgoen. Virop wéilt ee jonk Commerçanten dozou encouragéieren, sech selbststänneg ze maachen an dat speziell am Garer Quartier, deen ënnert dem Tram-Chantier gelidden a sech net dovunner erholl hätt. D'Corinne Cahen proposéiert do een iwwerdeckte Maart, wou déi zwou Avenuë kéinte mat agebonne ginn a wou d'Leit sech kéinten ophalen. Och d'LSAP fënnt dëst eng gutt Iddi.

Et feelt u Logement

Natierlech gouf och de Logementsproblem ugeschwat. Net genuch Offer a virop ze deier, besonnesch fir jonk Beruffsufänger. 100 Milliounen Investissement vun der Gemeng an abordabele Wunnraum. Dat fuerdert de Sozialist Gabriel Boisante. Domadder soll d'Gemeng Wunnenge kafen a verlounen a renovéieren.

D'Corinne Cahen proposéiert, dass och méi kleng Unitéite misste gebaut ginn an dass een och misst an d'Héicht goen. Net 15 Stäck, mee awer definitiv méi héich wéi elo. Dat speziell fir der Demande vu Jonken entgéintzekommen.

Donieft plädéiert d'DP-Politikerin dofir, dass d'Leit hir Wunnengen net eidel stoe loossen a se op d'mannst enger Agence Immobilière Sociale zur Verfügung stellen. "Mat engem w.e.g. geet et net duer", esou de Boisante. Grad bei eidelstoende Wunnenge wéisst een, dass et dacks wéinst der Spekulatioun wier. Do misst een agéieren, esou de Sozialist.

Dir hutt d'Wuert - Wéi gutt lieft et sech an der Stad?