Wéi gutt funktionéiert den Adapto-Service?
E Mëttwoch war den Adapto Thema op RTL. D'Annick Trmata vun der Verwaltung fir ëffentlechen Transport huet op Är Froen geäntwert.
Dir hat e Mëttwoch de Moien d’Wuert hei um Radio iwwer den Adapto-Service. Dat ass en ëffentlechen Transport-Déngscht fir Mënsche mat enger ageschränkter Mobilitéit, awer net forcement ee Service fir eeler Leit. 2020 gouf den Adapto-Service reforméiert. E gëtt ganz vill profitéiert an ëmmer nees geet och rieds vu Problemer.
D’Annick Trmata huet op Är Froen a Remarke reagéiert. De Service ass e bëssen d’Affer vu sengem eegene Succès ginn, huet si e Mëttwoch de Moie confirméiert. Et hätt een haut 50 Prozent méi Faarten, wéi virun der Reform. An de leschten zwee Joer waren et bal eng hallef Millioun Trajeten.
Et kann een online, iwwer d’App oder iwwer de Call Center vu mobiliteit.lu ,reservéieren. Per Telefon misst een effektiv dacks méi laang waarden. Do géif ee kucken, fir Personal opzestocken.
Et gouf an der Emissioun awer och Luef fir den Adapto. Et géif gutt funktionéieren, dacks wier de Service och flexibel. All Reklamatioun soll een iwwerdeems och onbedéngt beim Adapto-Service mellen.