Zukunft vun der Educatioun zu Lëtzebuerg
En Dënschdeg krut Dir d'Wuert op RTL, wéi mir mam DP-Educatiounsminister Claude Meisch an der CSV-Deputéiert Martine Hansen op d'Educatioun gekuckt hunn.
D'Schoul war de Sujet an eisem Emissioun "Dir hutt d'Wuert". Ënnert anerem gouf d'Zuel vun de Sektiounen an de Schoulen ugeschwat. Der CSV sinn et der ze vill. Si wëll, datt de Schüler méi individuell Méiglechkeete kritt, fir Fächer auszewielen. De Minister sengersäits huet erkläert, datt déi vill Sektioun néideg wieren, well nei, modern Fächer bäikoumen an datt de Schüler esou e breede Choix soll hunn.
Lëtzebuerger Sprooch
Och d'Lëtzebuerger Sprooch an der Schoul war e Sujet. D'Kritik vum Martine Hansen, datt dës géif vernoléissegt ginn, huet de Claude Meisch net gëlle gelooss. A bei där Geleeënheet huet hien och déi ëffentlechen international Schoule verdeedegt. Dës géife Schüler eng Chance ginn, déi am traditionellen System net géife virukommen.
Inegalitéiten an der Schoul a gratis Kannerbetreiung
Wat déi steigend Inegalitéiten an de Schoulen ugeet, dës wiere net nei. Se géife just méi genee observéiert ginn. Den Hannergrond vun de Kanner wier eben ganz verschidden an dowéinst misst en an der Schoul diversifizéieren. Enger Evaluatioun vun der Uni.lu no, géing e Kand, wat an d‘Crèche oder an de Precoce geet, och duerno besser schoulesch Leeschtungen ervirbréngen, erkläert de Claude Meisch. An genee dës gratis Kannerbetreiung war e weidere Sujet an Sträitpunkt. D'CSV fuerdert eng Zort Primm fir Elteren, déi doheem bei de Kanner wëlle bleiwen. Dat géing eis 20 bis 30 Joer zeréckféieren, sou de Claude Meisch. Well esou eng Primm géing grad a sozial méi schwaache Milieuen e finanziellen Ureiz schafen, fir Kanner doheem ze halen. Den Claude Meisch huet an deem Kontext op steierlech Mesuren oder de Pappe-Congé verwisen, duerch déi d‘Eltere méi Zäit mat hire Kanner kéinte verbréngen an déi e grousse Succès haten.
Weider Sujeten ware: Mobbing an de Schoulen, Gréisst vun de Klassen, Kanner mat spezifesche Besoinen, d'Schoulhorairen oder och nach d'Betreiung baussent der Schoul.
Lauschtert den DHW nach eng Kéier am Replay:
De Sujet vun der Educatioun gëtt natierlech och nach een Donneschdeg an eiser Emissioun Kloertext op der Tëlee thematiséiert.