E Méindeg de Moie war de Sozialdialog Thema an eisem Face-à-face.

De Sozialdialog zu Lëtzebuerg. Dorëms goung et e Méindeg de Moien an eisem Face-à-face tëscht der OGBL-Presidentin Nora Back an dem CSV-Fraktiounschef Marc Spautz. Am Moment ass de Sozialdialog staark ugeseet a mat Féiss getrëppelt, seet d’Gewerkschaftlerin. Vill Schold dofir gesäit d'Nora Back beim CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo, deen ënnert anerem d'Exklusivitéit vun de Gewerkschaften bei de Kollektivvertragsverhandlungen a Fro gestallt huet. Si géing et och schued fannen, dass den Aarbechtsminister d’Invitatioun fir dësen Debat net ugeholl huet. Et wier gutt, mateneen ze schwätzen.

Deels hëtzeg Debatten an der CSV-Fraktioun

Ass d’Regierung méi patronatsfrëndlech? Dat wéisst hien net, seet de Marc Spautz, mä (mat Bléck op de Premier Frieden, deenn och léiwer op den Neijoerschpatt vun der Industriellefederatioun FEDIL wéi den vun der Chambre des Salariés gaangen ass) wat sécher wier: d’Regierung hätt een aneren Genre Dialog mam Patronat, wéi mat de Salariéen. Op der anerer Säit wier et awer och e Bekenntnis vum Premier fir e Sozialdësch an d’Liewen ze ruffen, zesummen Aarbechtsminister Mischo, der Sozialministesch Deprez an dem Mëttelstandsminister Delles.

Mir brauchen konkret Resultater

Ugefaangen hat de Sträit am CPTE (Comité permanent du travail et de l’emploi), wou iwwer d’Kollektivverträg sollt geschwat ginn. Eng EU-Direktiv fuerdert, dass 80 Prozent vun de Salariéë solle vun engem Kollektivvertrag couvréiert sinn. Hei am Land sinn et awer just ronn 50 Prozent. Am CPTE hat den Aarbechtsminister Georges Mischo d’ Exklusivitéitsrecht fir Kollektivvertragsverhandlungen a Fro gestallt. Dat ass fir d’Nora Back e No-Go. Domat hätt den Minister de ganzen Lëtzebuerger Sozialmodell a Fro gestallt.

Am Oktober haten déi Gréng am Parlament dunn eng Motioun presentéiert, déi de Gewerkschaften dat Recht garantéiere sollt. Deemools hat d’Majoritéit dogéint gestëmmt. D’lescht Woch gouf déi nämmlecht Motioun presentéiert an d’CSV-DP Majoritéit huet se matgestëmmt.

Wou kënnt den Revirement hir? “On ne gouverne pas avec des motions”, äntwert de Marc Spautz an zitéiert domat den Emile Krieps. Iwwer esou wichteg Froe soll an de parlamentaresche Kommissiounen diskutéiert ginn. Well och d’Gewerkschafte wéilten elo wëssen, wat dat genee bedeit. De Marc Spautz gëtt awer zou, dass et gehollef hätt “den Drock aus dem Kessel ze huelen”, wann een d’Motioun schonn am Oktober matgestëmmt hätt.

Wat kënnt oder bleift an den Kollektivverträg?

De Premier Frieden hat no engem Regierungsrot zejoert ëffentlech d’Fro gestallt, ob een net verschidden Detailer um Niveau vun der Entreprise misst klären. “Do ginn bei eis all d’Alarmklacken un”, seet d’Nora Back. E Kollektivvertrag misst d’Aarbechts- an d’Lounbedéngunge vun de Leit am Betrib reegelen. Et kéint een net einfach d’Substanz aus den Kollektivverträg eraushuelen.

De Marc Spautz seet, hien hätt de Premier esou verstanen, dass een géing ee Kader-Kollektivverträg maachen. Mat deem wier et ëmmer nach méiglech, dass all Betriber, déi an déi Rumm erafalen, dass do awer nach jee no Betrib eenzel Adaptatioune kommen, déi dann awer mat der Delegatioun gekläert ginn. Fir de fréiere Gewerkschaftler wier et op alle Fall kloer, dass Paien an Aarbechtszäite Bestanddeel si vun engem Kollektivvertrag.

Op d’Fro, ob all Deputéierten an der CSV-Fraktioun där Meenung wier, äntwert de Marc Spautz, dass d’CSV Leit hätt, déi dem Wirtschaftsflillek méi no wieren a Leit, déi dem Sozialflillek ugehéieren. Dowéinst hätt een bannent der Partei och deels hëtzeg Debatten iwwert déi Sujeten.

D’Nora Back kritiséiert, dass een dës Diskussioun aktuell jo esou misst féieren, well d’Regierung widderspréchlech Messagen no baussen gëtt. Dofir kéint ee sech elo och net dorop verloossen, dass an der Chamber eng Motioun matgestëmmt ginn wier. D’Gewerkschafte géingen elo op den Sozialdësch waarden, fir do konkret Aussoen ze kréien. Ma, nach géif en Datum fir dës Reunioun feelen. A soulaang dierfte keng Gesetzer gestëmmt ginn a Beräicher wéi Sonndesaarbecht oder och Ouvertureszäiten, sou d'Presidentin vum OGBL.

Sonndesaarbecht a Liberaliséierung vun Ouvertureszäiten

50.000 Leit schaffen am Secteur vum Commerce, an deenen hir Liewensqualitéit gëtt duerch déi zwee nei Gesetzprojete vum Georges Mischo an Lex Delles massiv beanträchtegt, kritiséiert d’Nora Back. Dat hätt och grouss Konsequenzen op d’Privatliewe vun de Leit an och op d’Veräins-, Sport- a Kulturliewen. D’Gewerkschafte wiere sech géint dës Projeten, well se eben erëm eng Kéier net am Sozialdialog entstane wieren. Dëst wier eng unilateral an ultraliberal Decisioun vum Wirtschaftsminister. An dobäi hätt een schonn déi liberaalsten Ëffnungszäiten an der ganzer Groussregioun.

De Marc Spautz sot, hie wéilt sech net am Detail zu den zwee Gesetzer äusseren, mä et misst ee sech generell als Gesellschaft d’Fro stellen, wat fir eng Verännerungen ee wéilt. Den CSV-Fraktiounschef gëtt der Gewerkschaftlerin Recht, dass dës Diskussiounen tëscht de Sozialpartner misste gefouert ginn, sou wéi mir dat am Lëtzebuerger Modell déi lescht 50 Joer kannt hunn. An wann d'Sozialpartner sech net eens ginn, da wier et un der Politik, déi Decisiounen ze huelen. Mä fir d'éischt mussen déi Diskussiounen awer gefouert ginn, sou de Marc Spautz.

Face-à-face Nora Back vs Marc Spautz