
An der zoustänneger Chamberskommissioun huet den Ausseminister Xavier Bettel um Méindeg vun enger "administrativer Fro" geschwat.
E Reportage vum Annick Goerens
Den US-President Donald Trump hat d'lescht Joer Sanktioune géint Mataarbechter vum Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag decidéiert. Hannergrond war e Mandat d'arrêt ënner anerem géint den israeelesche Premier Netanyahu wéinst senger Krichsféierung an der Gazasträif. Dat hat allerdéngs och Konsequenzen op europäeschem Buedem. 12 Riichter si mëttlerweil vu Sanktioune betraff a ginn als "Feind vun den USA" ugesinn. Si kënnen zum Beispill net méi an d'USA reesen an nach vill méi uerg: si kënne net méi mat enger Kreditkaart bezuelen (Mastercard a Visa sinn amerikanesch) oder online akafen via Amazon, Apple oder Google, well amerikanesch Déngschtleeschter a Persounen hinne keng Servicer dierfen ubidden.
D'Spuerkeess huet doropshin am Februar 2025 d'Konte vum Internationale Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg gespaart, aus Angscht hire Business an den USA ze verléieren. D'Regierung wier schonn am Summer 2024 vum Strofgeriichtshaff informéiert ginn, dass si sech Suerge maachen, kritiséiert d'Deputéiert vun déi Gréng Sam Tanson.
"Et huet ganzer fënnef Méint gedauert, bis dass dee Bréif, dee vun der CPI un den Ambassadeur vu Lëtzebuerg an Holland gaangen ass, am Ausseministère, beim Minister ukomm ass a weider gaangen ass un de Finanzministère. An dunn huet et nach eng Kéier zwee Méint gedauert, bis de Finanzminister dunn dem Ausseminister geäntwert huet. Dat heescht, et gesäit een, dass d'Prioritéiten hei wierklech net dobäi louchen, fir d'Cour pénale internationale ze ënnerstëtzen.[...] Den Dossier ass wierklech verschleeft ginn an der Wichtegkeet vun dem Dossier ass net Rechnung gedroen ginn an dat ass extrem bedauerlech."
Den Ausseminister Xavier Bettel seet d'Regierung géing selbstverständlech hannert dem Internationale Geriichtshaff stoen, "mee mir mëschen eis net an an d'Aarbechten vun enger Bank, soss hunn mir een anere Problem."
Fir den David Wagner vun déi Lénk geet et hei awer net ëm eng normal "Bank-Affär".
"CPI ass net iergendeen Client. [...] Nee et ass eng Institutioun a mir si liéiert als Lëtzebuerger via den Traité de Rome a via eis international Verflichtungen, fir d'CPI ze protegéieren. An dat war jo och den Objet vun der Demande vun der CPI: Wat gedenken d'Lëtzebuerger Autoritéiten ze maache par Rapport zu hirer Staatsbank, fir eis eng gewëss Securitéit ze garantéieren?"
Och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot kritiséiert d'Regierung schaarf.
"Mir schwätzen hei vun engem Fall vun "Overcompliance", vun "Vorauseilendem Gehorsam" vun enger Bank, déi 100 Prozent am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat steet an déi net am loftleere politesche Raum operéiert a wou een am Fong hätt missen higoen an der Spuerkeess soen, dat do ass keng gutt Iddi, fir déi Konten do zouzemaachen. Mir hunn eng Verflichtung vis-à -vis vum internationale Strofsgeriichthaff, fir déi ze ënnerstëtzen, och géint d'Sanktioune vun den Amerikaner."
Grad fir dat klengt Lëtzebuerg wier et schued. Well mir wéi keen anert Land vum Respekt vum internationale Recht, vum Multilateralismus, vum gudde Fonctionnement vun esou Institutioune wéi der CPI ofhänken, esou nach de Franz Fayot.
Iwwregens ware 17 Milliounen Euro op den zwee Konten vum Europäeschen Strofgeriichtshaff zu Den Haag. Déi goufen op eng hollännesch Bank transferéiert, wou d'CPI wuel keng Bedenken hat, well déi hollännesch Regierung sech kloer an däitlech hannert si gestallt huet.