International KooperatiounPresuméierten Abriecher vu Serbien u Lëtzebuerg ausgeliwwert

RTL Lëtzebuerg
De Mann soll Deel vun engem Grupp gewiescht sinn, deen tëscht 2019 an 2022 zu Lëtzebuerg fir sëllegen Abréch responsabel war.
© Laurent Weber

Am Kader vu groussen a laangjäregen Ermëttlunge ronderëm eng Serie vun Abréch, déi tëscht 2019 an 2022 am Grand-Duché begaange gi waren, ass e weidere Succès erziilt ginn. Dank der Kooperatioun tëscht lëtzebuergeschen a serbeschen Autoritéite konnt eng weider Persoun, déi verdächtegt gëtt, bei enger grousser Unzuel vun dësen Abréch dobäi gewiescht ze sinn, u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn.

D'Persoun ass schonn dem Untersuchungsriichter virgeféiert ginn, éier et an de Prisong goung. Bis zu enger rechtskräfteger Verurteelung gëllt d'Onscholdsvermuddung.

D'Ënnersichungen hate sech géint e Grupp aus Südosteuropa geriicht, deen der organiséierter Kriminalitéit zougerechent gëtt an am Verdacht steet, sëllege Kéieren zu Lëtzebuerg agebrach ze hunn. D'Ermëttlunge vun der lëtzebuergescher Police a Justiz sinn an enker Zesummenaarbecht mat internationale Partner geféiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO