RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Michel Rodenbourg.

Patrick Greis
© Patrick Greis

De Michel Rodenbourg ass de fréiere President vum Stater Geschäftsverband an Epicier aus der Louvignysgaass.

Am ‘Café des artistes’ zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass hie seng bescht Frënn beim Basket fonnt huet, mat deenen hie sech och eng éischt geknätzelt hat. Mir héieren, dass hien de Roger Leiner op der Uni kennegeléiert huet an net ganz onschëlleg ass, dass de Superjhemp de Kachkéis sou gär huet. Et geet ëm en alen Auto, dee vill Duuscht hat an dofir 18 Stonne vu Stroossbuerg op Lëtzebuerg gebraucht huet. Aner Theme sinn de Bommeleeër, d’Success Story vum Ginix an den Tram. An hien zielt wéi hie bei enger memorabeler Alkoholkontroll zu Bréissel vill Chance hat.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO