Nei Reporter fir d'KannaNiuussKanner erueweren d’RTL-Studioen um Kierchbierg

Tim Morizet
Lea Schwartz
Mir hunn erëm nei Kannerreporter gesicht fir eis Noriichtesendung "KannaNiuuss". An och dës Kéier waren den Undrang an den Entdeckerwëlle grouss.
Nei Reporter fir d'KannaNiuuss gesicht
Mir hunn erëm nei Kannerreporter gesicht fir eis Noriichtesendung “KannaNiuuss”. An och dës Kéier war den Undrang an den Entdeckerwëlle grouss.

An de leschte Woche war bei RTL eng weider lass. Souguer méi nach, ewéi soss. Net well grouss Prominenz laanscht komm ass – mee eng ganz Rei Kanner mat grousse Aen, villen Iddien an enger gudder Portioun Courage.

D’Iddi hannert de Kannerreporter ass simpel: Kanner erliewen d’Welt anescht wéi Erwuessener, si stellen aner Froen – an heiansdo brénge si Saache vill méi direkt op de Punkt. Genee dat mécht d’KannaNiuuss aus. Fir déi zweet Editioun vun eiser Sich no jonke Reporter hate mir dofir zwee Casting-Deeg organiséiert.

Casting-Deeg voller Virwëtz a Laachen

Iwwer zwee Deeg koumen all Kéiers ronn 20 Kanner bei eis an d’Haus. Mat dobäi: eng kleng Portioun Nervositéit an eng grouss Portioun Virwëtz fir emol ze gesinn, wéi et bei RTL hannert de Kulisse leeft. D’Monica Camposeo aus der KannaNiuuss-Ekipp war bei de Castinge mat dobäi: “Et ass ëmmer erëm flott ze gesinn, wéi séier d’Kanner an d’Roll vum Reporter rutschen, soubal se emol de Mikro an d’Hand kréien.”

Fir unzefänken hu si kleng Steckbréiwer kritt, mat deene si kuerz Interviewe virbereede konnten. Net eleng, mee ëmmer zu zwee an zwee, ewéi an enger richteger Redaktioun.

Luuchten un, d’Kamera leeft!

No der Virbereedung goung et an de groussen TV-Studio. A fir vill Kanner war dat de Moment, wou d’Aen nach e Stéck méi grouss gi sinn. Kameraen, Luuchten, Mikroen an d’Gefill, op eemol an enger ganz anerer Welt ze stoen. Mat dobäi waren och de Mathis an de Charel. Wat huet hinnen dann am beschte gefall?

“Wéi mer den Interview virbereet hunn an herno och wou mer de Kameramann virgestallt hunn”, fënnt de Charel, wärend de Mathis besonnesch frou doriwwer ass, en neie Kolleeg fonnt ze hunn. Him huet och gutt gefall, dass RTL esou vill Spaass mécht.

Wien et um Enn gëtt, gitt der dann déi nächst Wochen an de KannaNiuuss gewuer. Bleift also drun – a vläicht gesitt dir geschwënn déi nei kleng Reporter.

Back to Top
CIM LOGO