
Wierm an de Longen
De Karl, ee Franséische Bulldog am beschten Alter, war ëmmer méi mackeg. Hien huet bal an engem Stéck gehouscht, wat seng Leit ufanks op déi klassesch Otemproblemer vu senger Rass zeréckgefouert hunn. Wéi de klenge Ritt dunn awer och nach ugefaangen huet ze tierkelen, aus der Nues ze bludden a mam Houscht och bluddege Schläim koum, gouf hien hellewech an d’Spriechstonn bruecht. Et hat een elo de Verdachtsdiagnostik, de Mupp hätt Longekriibs an d’Leit ware scho prett, hien aschléiferen ze loossen. Seng Longen haten op de Röntge Schieter wéi bei enger “Bronchopneumonie”. Mee no enger Woch Antibioticken a Mëttele géint Entzündung war den Houscht kee Fatz besser.
Dat ass jo dann awer d’Situatioun bei engem dach bekannt kriddelege Mupp esou lues awer ferm brenzeleg ginn.
Wat bei der mikroskopescher Stullënnersichung du fonnt gouf, ass an der Lescht méi eng heefeg Diagnos:et ware Wuermlarven ze gesinn. Wéinst dem schlëmmen Houscht, huet een do direkt missen u Longewierm denken. Eng Sammelprouf vu Stull vun e puer Deeg noeneen ass an ee spezielle Labo geschéckt ginn. Vun do koum séier d’Confirmatioun: de Karl hat eng staark Invasioun vu Longewierm. Dat si bis 2 1/2 cm laang Wiermercher, déi an de Longen an am Häerz vun den Hënn hiert Onwiesen dreiwen. Si kënnen och bei Kazen a Mënsch ugoen. Natierleche Reservoir si Fiiss. D’Honn stieche sech un andeems se den Tëschewiert friessen: Schleeken, oder deenen hiren Dreck & Schläim oder Mais oder deenen hir Stullbëmmelcher. D’Symptomer: Meeschtens gëtt gehouscht, schwéier geotemt, heiansdo och chronesche Schnapp. Anerer hu neurologesch Symptomer a bludde vill. De futtisse Longentissu muss oft nach laang weider behandelt ginn.
Beim Karl huet d’Wuermbehandlung direkt gutt gehollef. No enger Woch war säin Houscht ganz ewech.