En Donneschdeg war de Finanzminister eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Individualiséierung fir Privatleit steet am Mëttelpunkt vun der geplangter Steierreform. Dat sot de Finanzminister Pierre Gramegna. Et wär eng grouss Gesellschaftsreform, eng strukturell Steierreform. An et géif een och eng Moderniséierung an aneren Domainer brauchen. Zum Beispill a Punkto Ëmwelt a Klimaschutz an och am Beräich Logement.

Vill Neits oder Detailer gouf een net gewuer. Lëtzebuerg géif de rezenten OECD-Rapport ganz Eescht huelen. De Problem vum Logement wär enorm. D'OECD gëtt eng Rei Pisten un, sou de Pierre Gramegna, d'Grondsteier wär eng dovunner. D'Haaptresidenz wäert nëmme marginal vun enger Hausse vun der Grondsteier betraff ginn, sot den DP-Finanzminister. Méi Terraine sollen haaptsächlech op de Marché kommen.

Den Ament geet et mol ëm d'Richtung vun der Steierreform, ëm d'Virbereedungen, nach géif net gerechent ginn. No der Rentrée soll gekuckt gi wéi mat den anere Ministère soll zesummegeschafft ginn.

Dëse Weekend ass och d'Joresreunioun vun der AIIB, der „Asian Infrastructure Investment Bank“ hei zu Lëtzebuerg. Eng 1. Kéier an Europa. D'Begeeschterung speziell am Finanzministère ass grouss, datt de Grand-Duché erausgesicht gouf.

Et wär mat iwwer 1.500 Delegéierten déi gréissten, international Konferenz, déi jee am Finanzberäich hei organiséiert gouf, sou de Liberale Pierre Gramegna. Dat géif dem Image vum Land vill bréngen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.