Invité vun der Redaktioun (29. Juni) - Nicolas HenckesWa Butteker nees zougemaach géife ginn, wier dat eng Katastroph

Annick Goerens
E Méindeg de Moie war den Direkter vun der CLC, der Confédération Luxembourgeoise du Commerce, eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Nicolas Henckes
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et wär eng Risekatastroph, wann d’Butteker nees missten zoumaachen. Dat géif méi grouss Problemer mat sech brénge wéi de Virus selwer. Dat kéint een net maachen, seet de Direkter vun der CLC, der Handelskonfederatioun, den Nicolas Henckes. Hie war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Wann ee sech un d’Mesuren hält, wär et sécher an de Geschäfter anzekafen. D’Leit géife sech jo och net do ustiechen. D’Butteker kéint een ophalen, och wann d’Infektioune klammen.

D’Solden elo de Weekend sinn net schlecht ugelaf. D’Geschäfter allgemeng géifen nach net sou lafe wéi virun der Kris.

D’Reesbüroen an den Evenementiel - also Partyen a Kongresser organiséieren - hätte besonnesch Problemer.

Am September, Oktober géif ee méi gesinn, respektiv am Januar. Da wäerte mer méi Faillitten hunn, fäert den Nicolas Henckes.

E Méindeg de Moie war den Direkter vun der CLC, der Confédération Luxembourgeoise du Commerce, eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO