Paul Heber - UNICEF
En Donneschdeg de Moie war de Weltkannerdag Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Iwwer Kanneraarmut an iwwer déi mental Gesondheet bei de Kanner hu mer en Donneschdeg de Moie mam Paul Heber vun der UNICEF geschwat.
All 4. Kand hei am Land ass vun Aarmut betraff. D'Situatioun huet sech déi lescht Joren net verbessert.
Wat een dogéint ka maachen a wéi et allgemeng de Kanner zu Lëtzebuerg geet, hu mer live um 8 Auer am Gespréich mat eisem Invité vun der Redaktioun gekuckt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.