Besëtz vu Kannermëssbrauch-Material gëtt e bësse verharmloost
En Dënschdeg de Moie waren de Joresrapport vum Okaju an de Schutz vun de Kanner Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D‘Pornoindustrie misst méi an d‘Responsabilitéit geholl ginn. Där Meenung ass de Charel Schmit, Ombudsmann fir d‘Rechter vu Kanner a Jugendlechen. Hie war en Dënschdeg eisen Invité vun der Redaktioun, den Dag nodeems hie säi Rapport fir dëst Joer presentéiert huet.
Vill Jonker géife Pornoe vill ze fréi konsuméieren op Plattformen, déi hir Contenuen net genuch géife kontrolléieren. Dat wäre Betriber, déi net propper sinn, erënnert de Charel Schmit, déi sech am Kader vun hirer Finanzarchitektur och zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn. Iwwer d‘Liwwerkette-Gesetzer hätte si kéinten als Secteur à haut risque klasséiert ginn. Ma déi europäesch Omnibus-Gesetzer wäre jo d'lescht Woch am Europaparlament gescheitert an dat wier och een Echec an eng grouss Enttäuschung fir all Mënschen- a Kannerrechtler. Et wier nämlech och ganz kloer, dass een net bräicht op eng fräiwëlleg Selbstverflichtung ze hoffen: "Raison de plus [...] dass de Lëtzebuerger nationale Gesetzgeber higeet an deen heite Secteur als Secteur à haut risque definéiert an en an d'Responsabilitéit hëlt, fir seng Plattforme propper ze maachen an den Accès fir Mannerjäreger ze spären."
Et brauch méi e strengen Ëmgang mat Pedophillen a Pedokriminellen
De Charel Schmit fuerdert och ee méi strengen Ëmgang mat Pedophillen a verdächtege Pedokriminellen. Ugeschwat op e Fall vun engem Pedokriminellen, deen Ufank des Joers fir vill Gespréich gesuergt huet, sot den OKAJU, hie kéint eenzel Fäll natierlech net kommentéieren. De Pedokriminellen huet Fotoe vu senger eegener Duechter gemaach an zesumme mat senge Fantasien um Internet gedeelt. RTL-Informatiounen no wunnt dat jonkt Meedche bis haut nach ëmmer mam Papp zesummen am nämmlechten Haus. Effektiv géif et eng Problematik ginn, dass et net kloer wier, wéi een de Risiko aschätzt vu Persounen, déi Kannermëssbrauchsmaterial benotzen, besëtzen an och produzéieren. Dacks géing dat als "passiv Consommatioun" verharmloost ginn. Dofir huet den OKAJU eng Nott publizéiert, fir mat deem Mythos opzehalen. Déi Leit géingen an hirem familiären, sozialen a berufflechen Ëmfeld e reelle Risiko duerstellen. Dem Charel Schmit no misst d'Gesetz virgesinn, dass direkt eng Risikoanalys gemaach gëtt, wann d'IP-Adress, déi fir esou e Material gebraucht gouf, enger physescher Persoun zougeuerdent konnt ginn. Déi Persoun dierft dann op kee Fall méi a Kontakt mat Kanner kommen, seet den OKAJU.
Parental Control ass een Echec
Den Ombudsman Charel Schmit ass ganz kloer fir en Ecran-Verbuet fir Kanner ënner 3 Joer. Lëtzebuerg misst och eng Altersgrenz fir verschidden Inhalter festleeën, zum Beispill e Mindestalter vu 15 Joer fir sozial Medien. Et wär en Diskussiounsvirschlag, betount den Okaju. Et géing net drëms goen, Police a Parquet an d‘Spillzëmmer ze schécken. Allerdéngs hätte vill Contenuen op de soziale Reseauen och näischt doheem an der Stuff ze sichen. Näischt maachen, wär also keng Optioun, esou nach de Charel Schmit.
Eent vu véier Kanner lieft an der Prekaritéit
Eng grouss Gefor fir Kanner gesäit den Ombudsman an der Kanneraarmut: eent vu véier Kanner lieft hei zu Lëtzebuerg ënnert der Aarmutsgrenz, aacht Prozent an engem materielle Manktem. Dacks ass de Logement e Problem, dee besonnesch Kanner schued. Lëtzebuerg wier jo och Spëtzereider wat d'working poor an Europa ugeet. 11,5 Prozent vun de Stéit wieren op d'Allocation de vie chère ugewisen, siwe Prozent vun de Kanner an deem Altersgrupp, also all 14. Kand, ass och duerch d'Eltere Beneficiaire vum Revis. Dat géif heeschen, dass an all Schoulklass Kanner sëtzen, déi op Sozialhëllef ugewise sinn, erkläert de Charel Schmit. Monoparentalle wieren natierlech besonnesch concernéiert. Dowéinst misst een d'Logik vun der pension alimentaire ëmdréinen. Et wier net un der eenzeler Mamm oder um Papp, fir queesch duerch d'Welt ze prozesséieren fir nozeweisen, dass deen een Elterendeel senger Verflichtung net nokënnt:
"Et ass d'Roll vum Staat an net vun der eenzeler Persoun, fir am Fong déi Pension alimentaire bei deenen anzedreiwen, déi sech hirer Verantwortung entzéien an net um Bockel vum Monoparental oder Elterendeel, fir dat ze maachen."
De Charel Schmit mécht sech iwwerdeems staark dofir, dass Kanner méi séier Accès op rechtleche Bäistand kréien. Hie fënnt, e Kand misst e Kanneraffekot kënne kréien, ouni déi entspriechend Decisioun vun engem Riichter.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.