Master an der Medezin op Uni.lu soll 2029/2030 kommen
E Mëttwoch de Moie war d'Studentefoire Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Master an der Medezin op der Uni Lëtzebuerg kënnt. An dat, wann alles riicht leeft 2029 respektiv 2030. Dat huet d'Ministesch fir Digitalisatioun, Héichschoulen a Recherche, d'Stéphanie Obertin am RTL-Interview e Mëttwoch de Mueren annoncéiert. D'Medezin-Studien op der Uni.lu ginn also ausgebaut. Nëmmen esou kéint een dem Personal-Manktem an de Gesondheetsberuffer entgéintwierken. D'Spideeler wieren och prett, hier wichteg Roll bei deene Master-Studien ze iwwerhuelen.
Bis elo bitt d'Uni Lëtzebuerg e Bachelorstudium iwwer 3 Joer hei am Land un. Den externen Evaluatiounsrapport vun deenen Etudë gëtt déi iwwernächst Woch an der Héichschoulkommissioun vun der Chamber virgestallt. An deen dierft also positiv ausgefall sinn. Jiddereen wier op der Schinn, datt de Master misst kommen, sou d'Stéphanie Obertin e Mëttwoch de Moien.
Satisfaktioun dann och fir d'ACEL: D'Associatioun vun den Studente-Cerclen hat jo den Standuert Belval fir d'Studentefoire kritiséiert. "Mir hunn nogelauschtert an analyséiert. An dowéinst decidéiert d'Offer vun der Studentefoire nees méi grouss maachen an net nëmmen op den Enseignement Superieur ze konzentréieren. An da geet de Site Belval net méi duer", sou déi zoustänneg Ministesch Obertin. D'Studente-Foire wäert nächst Joer dowéinst nees zeréck an den Zentrum, respektiv an d'Stad plënneren. Detailer wäerten nach, zesumme mat der ACEL, ausgeschafft ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.