E Freideg de Moien war de "Black Friday" Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Paul Ernster

Et ass “Black Friday”. Et ass den Optakt vum Chrëschtgeschäft an no de Solden awer de wichtegsten Dag och bei eis am Commerce, sou e Freideg de Moien de Paul Ernster vun der “Luxembourg Confederation” am RTL-Interview.

De Black Friday ass jo aus den USA an Europa iwwergeschwaapt. An et wär eng wichteg Zäit. D’Braderie an de Mantelsonndeg zum Beispill géifen all Joer e bësse verléieren an eng "Black Week" an Änleches géif méi wichteg ginn. Dëse Weekend wär een, deen aus dem Lëtzebuerger Commerce net méi ewech ze denke wär.

De Sënn wier et, gutt Geschäfter ze maachen an net mat falsche Reduktiounen, déi am Endeffekt keng sinn, gelackelt ze ginn. Dat wär jo och verbueden a misst och kontrolléiert ginn. De Paul Ernster ass trotz Inflatioun ganz optimistesch fir d’Chrëschtgeschäft dëst Joer. D’Lëtzebuerger Regierung hätt och eppes gemaach, fir datt d’Leit méi am Portmonni hunn.

Et wär och natierlech besser, d’Leit kafen hei beim lokalen Handel zu Lëtzebuerg, amplaz am Ausland ze bestellen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.