E Freideg de Moie war Gewalt géint Fraen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir kéinten nach e puer Fraenhaiser weider opmaachen an nach 10 zousätzlech Consultatiounsposte schafen, an da wiere mer nach ëmmer ausgelaascht, dat sot e Freideg de Moien d'Directrice vun der Associatioun "Femmes en détresse" bei eis op der Antenn. D'Andrée Birnbaum war fir de Lancement vun der sougenannter "Orange week" um Radio - enger Campagne, déi an den nächsten Deeg verstäerkt op Gewalt géint Fraen a Meedercher opmierksam soll maachen. D'Fäll vu Gewalt am Stot géifen ëmmer weider zouhuelen. Et wieren elo scho Mëtt November sou vill Fäll gezielt gi wéi am ganze leschte Joer. Donieft géifen d'Fäll, déi gemellt ginn, och ëmmer méi schlëmm ginn. Mat ëmmer méi Waffegewalt doheem an méi Mordmenacen.

D'Personal vu "Femmes en détresse" wier duerch déi "extrem vill Aarbecht" midd an deels och iwwerfuerdert.

Wéinst Logementsmanktem: 60 Frae waarden op en Ënnerdaach an engem Fraenhaus

Zanter Jore gëtt et eng Waardelëscht zu Lëtzebuerg, fir an e Fraenhaus eranzekommen. Den Haaptproblem ass a bleift de Logement, well d'Fraen, mat oder ouni Kanner, grouss Schwieregkeeten hunn, fir fir no der Zäit am Fraenhaus en neit doheem ze fannen. Et kënnt och ëmmer rëm vir, datt d'Fraen dann nees zréck heem ginn an en Ëmfeld, wat se kennen, och wa se do geschloe goufen. Dat wier "extrem frustréierend", bedauert d'Directrice vu "Femmes en détresse". Mä et géif och einfach net genuch Plazen, fir Leit ënnerdaach ze kréien.

Chronesch ausgelaascht

D'Zëmmer fir Affer vu Gewalt, déi d'Asbl geréiert sinn och nach ëmmer voll ausgeluecht, ënnersträicht d'Andrée Birnbaum. Am Fraenhaus, dat viru 45 Joer seng Dieren opgemaach huet, gëtt et 38 Better. Derbäi kommen nach emol 9 Zëmmer fir akut Urgencen.

D'Directrice vu "Femmes en détresse" begréisst an deem Kontext d'Ouverture vum éischten nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt (CNVV), deen am Abrëll seng Dieren opgemaach huet an an Zukunft 24/24 Stonne soll accessibel sinn.

All Assurance soll bei der Hausversécherung e Recht op en Noutlogement bei Gewalt am Stot ubidden

Zanter Kuerzem bitt eng Versécherung zu Lëtzebuerg un, zesumme mat der Assurance fir d'Haus d'Optioun an deem Package och e Recht op en Noutlogement bei Gewalt am Stot ze hunn. An de leschte Wochen hätte schonn 3-4 Fraen dovunner profitéiert, fir kuerzfristeg baussent dem Stot an engem Hotel ënnerdaach ze kommen.

D'Directrice vu "Femmes en détresse" gesäit dat net als Aarmutszeugnis fir de Staat. Deen hätt jo scho vill gemaach an de Staat wier jo och weider gefuerdert.

D'Andrée Birnbaum géif sech awer wënschen, datt all Assurancë sou eng Zousazoffer automatesch ubidde géifen.
"Femmes en détresse" begréisst dann, datt d'Chamber en Donneschdeg duerfir gestëmmt huet, datt e Riichter an Zukunft explizitt begrënne muss, wann e bei schwéiere Strofdoten e Sursis schwätzt. Et wier awer genee sou richteg a wichteg, datt d'Strofe verschäerft ginn. D'Politiker sollte sech hei dach, am Sënn vun der Saach, zesummesetzen, kommentéiert d'Andrée Birnbaum d'Diskussiounen an der Chamber. D'Gewaltproblematik géif och déi ganz Regierung eppes ugoen. All déi concernéiert Ministèrë missten un engem Strang zéien.

Invité vun der Redaktioun: Andrée Birnbaum

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.