E Méindeg de Moie war de CGFP-President eisen Invité vun der Redaktioun.

Iergendwann wäert de Steierzueler musse fir d'Kris bezuelen, och wann dat elo nach net géif gesot ginn. Esou de Romain Wolff, President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, um Méindeg de Mueren am RTL-Interview. D'Kapital géif net genuch besteiert ginn am Verglach mat der Aarbecht. Méi gerecht wier et dowéinst, d'Fonds d'Investissement spécialisés, wou grouss Verméigen dran geparkt ginn, méi staark ze besteieren.

Net nach 3 Joer waarden, FIS'en direkt méi héich besteieren
D'Regierung soll dofir net waarde bis d'Steierreform an 3 Joer iergendwann mol gestëmmt wär, se soll dat elo direkt maachen, fuerdert de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft. Wann een nämlech wéisst, dass an de FIS'en grouss Verméige just mat 0,01 Prozent besteiert ginn, wougéint normal Bierger bis iwwer 45 Prozent besteiert kënne ginn, da kéint een dat einfach net méi sou stoe loossen. Besonnesch well schonn zanter 2013 géing  iwwer dës Problematik diskutéiert ginn an och Rieds wier vun Abusen.

Och d'Staatsbeamte musse solidaresch sinn
D'Situatioun ass net roseg: ArcelorMittal a Luxair wären elo déi rezentst Beispiller, wou ee géing gesinn, wat nach op d'Land wäert zoukommen, esou de Romain Wolff. Um Enn vum Joer géing den Accord salarial an der Fonction publique auslafen. Virun der Pandemie hätt een nach eng Punktwäert-Erhéijung gefrot, ma villes hätt sech geännert an et wär ee realistesch, erkläert den Invité. Et kéint een net méi alles fuerderen, wat een nach virun der Kris gefuerdert hätt, ouni awer wëllen Detailer ze nennen. Dat misst an de Gewerkschaftsgremien decidéiert ginn.

Keng nei Steieren aféieren
De sozialen Desequiliber soll ausgeglach ginn, fënnt d'CGFP. Op d'Fro ugeschwat, wéi een dann den Desequiliber tëscht de Paien an der Privatwirtschaft an dem Staat kéint ausgläichen, sot de Romain Wolff, dass ee keng Näid-Debatt dierft féieren. An der leschter Etüd vum Statec hätt net de Staat un éischter Stell gestanen. Et géing och elo drëm goen eng Relance vun der Ekonomie z'erreechen an dofir dierften elo keng Steieren erhéicht ginn. An et dierften och keng nei Steieren agefouert ginn, wouriwwer den Ament jo och géing nogeduecht ginn.

Tripartitten sinn net iwwerlieft
Vun der leschter Tripartite war d'CGFP net därmoosse begeeschtert. Et wär just iwwer een Thema, nämlech, Emploi diskutéiert ginn. Et hätt ee sech awer gewënscht, dass och d'Sécurité Sociale, d'Finanzen a besonnesch d'Situatioun post-Corona-Pandemie um Ordre du Jour gestanen hätten, esou de Romain Wolff. Tripartitte wieren ee Kriseninstrument a géingen och op d'mannst vun de Gewerkschafte ganz eescht geholl ginn, wat ee fir d'Patronat net kéint soen. Wa just 2 Leit géingen op sou ee wichtege Rendez-vous kommen, da kéint ee sech Froe stellen, sou nach de Romain Wolff.

Invité vun der Redaktioun: Romain Wolff
Resumé Invité vun der Redaktioun
E Méindeg de Moie war de CGFP-President eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.