E Méindeg de Moie war den adr-Deputéierte Fernand Kartheiser eisen Invité vun der Redaktioun.

D'adr stëmmt géint d'Covid-Restriktiounen esou ewéi d'Regierung se der Chamber proposéiert huet. Den adr-Députéierte Fernand Kartheiser huet de Méindeg de Moien hei op RTL gesot, d'Mesurë wieren ze intrusiv an inkoherent. Senger Meenung no misste se vill méi geziilt sinn. Virun allem déi eeler Populatioun misst geschützt ginn.

D'adr wier d'Partei, déi hannerfreet: "et muss eng Oppositiounspartei ginn, déi seet, wat ass gerechtfäerdegt a wat ass proportional?", sou de Fernand Kartheiser. Et misst ee sech froen, wou d'Grenz ass tëscht der Aufgab, d'Gesondheet vun de Leit ze schützen an engem ze wäiten Agrëff an d'Privatsphär.

De Fernand Kartheiser huet d'Familljeministesch Corinne Cahen kritiséiert, well se den Alters- a Fleegeheemer keng kloer Virgabe ginn hätt. D'fréier Gesondheetsministesch Lydia Mutsch huet hie kritiséiert, well si d'Zuel vu Spidolsbetter per Gesetz erofgesat hat. Den adr-Deputéierte sot, Lëtzebuerg misst sech Reserven uleeën an enger Rei Secteuren, dorënner d'Santé.

Seng Partei ass iwwregens géint eng Impfflicht. D'adr wier awer natierlech "frou, wann e Vaccin kënnt". Allerdéngs misst een oppassen, well déi Vaccinen, déi elo kommen, wiere ganz séier entwéckelt ginn. Et misst eng Garantie vun der Regierung ginn, datt de Produit genuch getest gouf.

Invité vun der Redaktioun: Fernand Kartheiser

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.