En Dënschdeg de Moie war den éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg eisen Invité vun der Redaktioun.

All Dag beschwéiere sech Awunner aus dem Garer Quartier. Näischt maachen ass fir eis keng Optioun. Dowéinst hu mer decidéiert op eng privat Sécherheetsfirma zeréckzegräifen. Dat sot de Stater CSV-Schäffe Serge Wilmes um Dënschdeg de Moien, hie war eisen Invité vun der Redaktioun. D'Sécherheetssituatioun op der Stater Gare a ronderëm wär net besser ginn déi lescht Méint, dofir misst elo eppes ënnerholl ginn.

Datt mat Sécherheetsfirmen zesummegeschafft gëtt wier näischt Neits, zum Beispill op der Fouer oder um Chrëschtmaart. Och d'Stad Déifferdeng hätt mat Sécherheetsfirmae gutt Erfarunge gemaach. De Serge Wilmes versteet d'Opreegung net.

Et wär sécher keng Ersatz-Police, präziséiert de Stater Schaffen. Just d'Police hätt de Gewaltmonopol. D'Sécherheetsleit, déi ronderëm ginn, hätten natierlech keng Waff, géife kee kontrolléieren a kee mathuelen. Si sollen ofschrecken a präventiv wierken. An enger brenzeleger Situatioun géif d’Police geruff ginn. Et erwaart ee sech, datt d'Sécherheetsgefill an d'Sécherheetssituatioun sech verbesseren.

Am Garer Quartier wieren zwou Ekippe vun zwee Leit mat Hond ënnerwee. An der Uewerstad wier eng Ekipp ënnerwee, ouni Hond. No zwee Méint soll et eng Evaluatioun ginn.

De Serge Wilmes präziséiert, datt d'Mesure mat der Police ofgeschwat ginn ass. D'Reaktioun vum grénge Policeminister Henri Kox bedauert de Serge Wilmes. De Schäfferot géing d'Gesetzlag allzäit anescht interpretéiere wéi de grénge Minister. Och mat de sozialen Acteure wier geschwat ginn.

D'Stad géif hir Verantwortung iwwerhuelen. D'Police géif hir Aarbecht maachen. Ma och d'Justiz an d'Immigratioun wäre gefuerdert. No der Aarbecht vun der Police missten et och Suitte ginn, sou de Serge Wilmes.

Invité vun der Redaktioun: Serge Wilmes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.