Vum Mee u kommen och zu Bouneweg Sécherheetsleit an den Asaz
En Dënschdeg de Moie war den CSV-Politiker eisen Invité vun der Redaktioun.
Op der Stater Gare patrulléiert eng privat Sécherheetsfirma mat Hond, fir d’Sécherheetssituatioun ze verbesseren. Dat gëtt esou gutt ugeholl vun de Leit, datt de Stater Schäfferot decidéiert huet, dat och zu Bouneweg ze maachen. Dat sot en Dënschdeg de Moien de Laurent Mosar. De Stater Schäffen an CSV-Deputéierte war eisen Invité vun der Redaktioun.
Vum 15. Mee u sollen dann a verschiddene Stroossen a Plazen am Bouneweger Quartier d'Sécherheetsleit patrulléieren. Sou laang een keng Satisfaktioun géing kréie vun der Regierung, wäert de Stater Schäfferot och virufueren, op d'Déngschter vun de private Sécherheetsfirmaen zeréckgräifen, sou de Laurent Mosar.
D'Stad Lëtzebuerg géing ëmmer op 2 Niveauen agéieren. Fir d'éischt natierlech um sozialen Niveau, zum Beispill mam Projet „A vos côtés“ mam Asaz vu Street Workeren op der Stater Gare. De Service soll och elo zu Bouneweg ausgedeent ginn, sou den Laurent Mosar. An donieft géing d'Stad Lëtzebuerg dann och op déi private Sécherheetspatrullen setzen. Am Sondage hätt sech och gewisen, dass 2/3 vun de Leit domadder zefridde wieren.
Méi Police-Presenz, Videoiwwerwaachung a "Platzverweis"
Et bräicht een eng ganz Rei vun Instrumenter, fir méi effikass géint d’Kriminalitéit an d‘Onsécherheetsgefill virzegoen. D’Fuerderungen un d’Regierung si kloer: De Schäfferot wëll eng permanent Police-Presenz an de kriddelege Quartieren, an dass d'Police déi néideg Mëttele kritt, fir géint dës Kriminalitéit virzegoen, zum Beispill de "Platzverweis", dee schonn zanter Jore gefrot gëtt. De Minister Henri Kox hätt ee „Platzverweis light“ virgesinn, dee géif awer net wäit genuch goen, sou de Stater Schäffen. Drëtt Fuerderung wär d'Videoiwwerwaachung auszebauen, an dat och op de Quartier Bouneweg. 2018 hätt den deemolege Policeminister Etienne Schneider dat versprach, bis haut wär awer näischt geschitt. An de Stater Schäfferot géing dat och nach ëmmer fuerderen, sou de Laurent Mosar. D’Videoiwwerwaachung wier awer keen Allheelmëttel, mä eent vu villen Elementer.
Privat Sécherheetsfirmaen och fir de Staat am Asaz
D'Stater Oppositioun (déi Lénk, déi Gréng, LSAP) hat an enger Motioun kritiséiert, dass den Asaz vun esou Firmen illegal wier. De Laurent Mosar betount awer, dass déi Societéite konform mam Gesetz sinn. Hie wär iwwerrascht, dass dat elo géing kritiséiert ginn. Et misst een nämlech wëssen, dass déi Gardiennage-Firme scho virdru fir eng Rei Gemenge geschafft hunn, souguer op änleche Plazen a mat engem änlechen Optrag. Donieft géinge se och vum Staat a Para-Staat agesat ginn. Zum Beispill bei den CFL, an de Flüchtlingsheemer oder souguer op de Geriichter. Deemno kéint hien dës Kritik wierklech net novollzéien.
Effektiv misst awer d'Gesetz iwwer déi Gardiennage-Firmen adaptéiert ginn, well et op verschiddene Punkten net ganz kloer wier. Do wär Spillraum, esou de Laurent Mosar. Dofir géing hien et begréissen, dass d'Justizministesch Sam Tanson dësen Text wéilt iwwerschaffen.
Zukunft vun der CSV
Wäert de Laurent Mosar um Partei-Kongress den 24. Abrëll nach eemol den aktuelle CSV-President Frank Engel supportéieren? Op déi Fro huet de Laurent Mosar net geäntwert, ma gesot, dass hien dovunner ausgeet, datt et nach méi Kandidate fir de Presidenteposte wäert ginn. Den zukünftege President géif hoffentlech, nees fir Rou an der Partei suergen, well déi hätt déi lescht Zäit gelidden, fënnt de Laurent Mosar.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.