E Méindeg de Moie war den LSAP-Parteipresident eisen Invité vun der Redaktioun.

Betriber, déi wärend der Coronakris „zolidd Gewënner“ gemaach hunn, mussen hiren „Obolus“ leeschten, sou den Yves Cruchten e Méindeg de Moien hei op RTL. Den LSAP-Parteipresident an Deputéierten huet als Beispill d’Finanzwelt oder nach Amazon genannt, déi wéinst der Kris souguer Rekord-Gewënner gemaach hätten. Bei der Finanzkris 2008 goufen d’Banken ënnerstëtzt, elo wier vläicht e gudde Moment eppes zeréckzeginn.

Nodeems den LSAP Vizepremier Dan Kersch e Sonndeg um LSAP-Kongress fir eng selektiv Coronasteier op Corona-Gewënner plädéiert huet, huet säi Parteipresident en Dënschdeg de Moie rassuréiert et géing „net ëm de private Steierzueler“ goen. Den Yves Cruchten huet deklaréiert d’Aarbecht misst manner besteiert ginn, par konter Kapital-Erträg méi. Och beim Spëtzesteiersaz awer, wier dem Sozialist no Loft no Uewen an „ech erënneren drun, datt mir an der Vergaangenheet vill méi héisch Steiersätz haten“.

Wéi soll dat mat der DP goen ?

Steiererhéijungen si fir de Regierungspartner, d’DP, aktuell „Gëft“. A soss ëmmer „dat lescht Mëttel“, sou den DP-Fraktiounschef op Nofro hin. Dem Gilles Baum no géinge Betriber déi méi Benefice maachen och dee Moment méi Steiere bezuelen. Den Yves Cruchten huet och betount, d’LSAP wëll net wärend der Kris Steieren an d’Luucht setzen, mee soubal d’wirtschaftlech Croissance zeréck ass, a Scholden, déi elo hätte misse gemaach ginn, mussen zeréckbezuelt ginn. Déi Diskussioun iwwert d'Besteierung vun de Gewënner géing senger Meenung no an den nächste Méint a Joren net just zu Lëtzebuerg, mee och „a ganz Europa a warscheinlech op der ganzer Welt“ gefouert ginn.

Datt d’LSAP sech an där Fro ni géint d‘DP duerchsetze kéint, dozou sot den Yves Cruchten, si wiere bei de leschte Walen mat 3 Sëtz manner an „net mat enger breeder Broscht“ an d’Koalitounsverhandlunge gaangen. Trotzdeem géing d’LSAP elo Iwwerzeegungsaarbecht maachen. D’LSAP hätt elo en Vue vun de Walen vun 2023 „Kloertext“ geschwat an den LSAP-Fraktiounschef warnt „déi aner Parteien, déi sech elo verstoppen, fir iwwert Steieren ze schwätzen, dat arrangéiert se elo kuerzfristeg. Mee ech sinn der fester Iwwerzeegung, datt all Mënsch dat Spill wäert duerchkucken“.

Elo wou d’LSAP hir Positioun presentéiert huet, wäerten déi aner Parteie sech virun de Walen 2023 musse positionéieren, sou iwwerdeems de Gilles Baum. Fir hie géing et elo Mol drëms goen, erëm d’Wirtschaft unzekuerbelen an Aarbechtsplazen ze schützen.

„Fänkt emol bei iech selwer un“

No den Deklaratioune vun der LSAP iwwert d'Steieren, koum schonn op de sozialen Netzwierker d’Kritik op, d’Deputéiert sollen da mol bei sech selwer ufänken. D’Hallschent vun hirem Verdéngscht ass steierfräi an den Yves Cruchten sot hie géing sech, zanter hien Deputéierten ass, iwwert deen urale Spezial-Regime opreegen. Datt Politiker méi Steiere solle bezuelen, ass fir hie keen Tabu. „Ech hätt léiwer, mir wieren éierlech mat de Leit a mir géife soen en Deputéierten verdéngt esou an esouvill an e bezilt seng Steieren ewéi jiddereen aneren“, esou den LSAP-Fraktiounschef.

Keng LSAP-Invitatioun fir de Frank Engel

Och den Ex CSV-Parteipresident Frank Engel hat am August d’lescht Joer e Plädoyer gehalen, fir eng méi staark Besteierung vu grousse Verméigen. Hie gouf zeréckgepaff an elo souguer vun den eegene Parteikolleegen zum Récktrëtt als CSV-President gedréckt. Den LSAP-Vizepremier Dan Kersch huet e Sonndeg nach emol seng Sympathie fir de Frank Engel ausgedréckt. Dat wier awer keng Invitatioun, fir bei d’LSAP ze wiesselen, sou den Yves Cruchten: „Ech schätzen den Här Engel fir eng ganz Partie Saachen, ech sinn net ëmmer mat him politesch d’Accord, ech mengen awer net, datt seng politesch Heemescht bei eis an der Partei ass“.

Invité vun der Redaktioun - Yves Cruchten

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.