E Freideg de Moie war den adr-Deputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.

D'adr wäert géint dat neit Covid-Gesetz stëmmen. Et wier en Total-Versoe vun der Regierung, chaotesch an hätt keng Logik. Esou huet den adr-Deputéierten Roy Reding, dat neit Covid-Gesetz um Freideg de Mueren am RTL-Interview kommentéiert.

Et kéint een zum Beispill ouni Schnelltester an de Supermarché a bei de Coiffer. Et dierft een awer net ouni an de Restaurant eran. D'adr hätt déi Test-Flicht ewechgelooss. Dernieft war et schaarf Kritik un der Ausgangsspär, an och am Sport wieren déi nei Reegelen inkoherent. Firwat eng Limitt vun 150 Leit? Dat misst einfach proportionell zur Surface gekuckt ginn.

An der Affär Felix Braz, seet de Roy Reding, datt hei e Kranken erausgehäit gi wier, dat wier moralesch verwerflech.

D'Nominatioun vum Christianne Wickler zur Cargolux-Presidentin huet hien dogéint verdeedegt, Si hätt d'Kompetenzen, mengt den adr-Deputéierten, deen den neien Transparenz-Regëster fir d'Parlamentarier begréisst. Lobby-Aarbecht wier eng Realitéit. Dës misst awer an aller Transparenz gereegelt sinn, esou de Roy Reding, deen aus gesondheetleche Grënn keng Mask un hat am Interview an op de Sputnik-Vaccin waart, ier e sech wëll impfe loossen. Jidderee sollt deen Impfstoff kënne wielen, mat deem ee sech impfe léisst.

Invité vun der Redaktioun: Roy Reding

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.