D'CSV ass frou mat der Krisegestioun, mä huet 4 Fuerderungen
E Méindeg de Moie war den CSV-Deputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.
D’Covid-Situatioun hei am Land ass calme an doriwwer ass de Claude Wiseler frou. Den CSV-Deputéierten a Parteipresident sot um Méindeg de Moien hei op RTL awer och, hie wier net sécher, ob dat am September nach de Fall wäert sinn. Et kéint ee roueg soen, wann ee mat enger Politik averstanen ass, sou de Claude Wiseler. De CovidCheck zum Beispill hat seng Partei ënner Form vu „Green pass“ scho laang verlaangt.
De Claude Wiseler huet awer och weider Denkustéiss ginn. Éischtens hätt sech d’CSV eng epidemiologesch Etüd iwwert dat, wat an de Strukture fir eeler Leit geschitt ass, gewënscht. Zweetens misst ee senger Meenung no elo scho kucken, ob een de CovidCheck-System net och bei der Rentrée an der Schoul kéint asetzen. Drëttens misst ee kucken, datt d’Spideeler kéinte weider funktionéieren – ouni Deprogrammatiounen - wann d’Zuelen erëm géinge klammen. A Véiertens sollt een och elo schonn iwwert en neit Pandemie-Gesetz diskutéieren.
Corona-Steier: „Cacophonie“
D’Iddi vun enger Corona-Steier vum LSAP-Vizepremier Dan Kersch, fënnt den CSV-Chef iwwerdeems komplizéiert. Als Land, dat op Entreprisen ugewise wier, wier et dem Claude Wiseler no wichteg attraktiv ze sinn. Dofir misst een hinnen eng Sécherheet ginn, iwwert wéi se besteiert ginn, amplaz duerno mat enger retroaktiver Steier z’iwwerraschen. Genee wéi d’DP huet den CSV-President och gesot, Betriber, déi méi Gewënner maachen, géingen ganz dacks méi Steiere bezuelen. Dem Claude Wiseler no géing et an der Regierung, mä souguer an der LSAP op deem Sujet eng „Cacophonie“ ginn. Hien huet awer agesinn, datt wann de Staatsbudget opgestallt gëtt, ee Plang misst opgestallt ginn, fir d’Scholden iwwert déi nächst „5 oder 6 Joer oder méi“ zeréckzebezuelen. Et géing net duergoen eng Steier ze proposéieren, mä do wier schonn e „Pak Mesuren“ néideg.
Afghanistan
Den CSV-President Claude Wiseler sot sech um Méindeg de Moien am RTL-Interview iwwerdeems entsat, iwwer dat, wat an Afghanistan geschitt. Et wier eng absolut Perte vu Glafwierdegkeet vum Westen, well eng manifest falsch Decisioun vun den USA geholl gi wär, fir sech esou séier an ouni Ofsprooch mat de Partner aus dem Land zeréckzezéien. Et wier eng Katastroph, esou de Claude Wiseler.
Lëtzebuerg misst iwwerdeems deene Leit hëllefen, déi der Lëtzebuerger Arméi laang Jore sur place gehollef hunn, well déi ënnert engem Taliban-Regime riskéieren, hiert Liewe mussen ze loossen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.