E Méindeg de Moie war d'Presidentin vun der Caritas eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Caritas engagéiert sech am Karibikstaat Haiti. Mir si schonn zanter laange Joren do aktiv, seet d'Marie-Josée Jacobs. Elo nom Äerdbiewe gëtt virun allem gehollef, fir Haiser nees opzebauen. Et gi Materialien zur Dispositioun gestallt, awer och beim Finanzement gëtt gehollef.

Wat den Afghanistan ugeet, fäert d'Caritas virun allem eng grouss Hongersnout, déi kéint kommen, nodeems d’Taliban d’Muecht iwwerholl hunn. D’Caritas hëlleft och primär bei der Liewensmëttel-Versuergung. D'Marie-Josée Jacobs geet awer net dovunner aus, datt Hëllefsorganisatioune mussen aus dem Afghanistan eraus goen.

Dat wat aktuell am Afghanistan geschitt, dat wier sécherlech de gréissten Echec iwwerhaapt fir de Westen. Dat kéint ee guer net anescht gesinn, sou déi fréier CSV-Ministesch. Eng Erkenntnis wier déi, datt westlech Modeller net einfach an aner Länner kéinten transportéiert ginn. Do misste mer eis Approche grondleeënd änneren.

Wat d'Bereetschaft ugeet, fir Donen ze maachen, do wieren d'Leit besonnesch nom Héichwaasser zu Lëtzebuerg generéis gewiescht. Do hätt ee virun allem bei der Rekonstruktioun vun Haiser gehollef.

D'Corona-Kris hätt iwwerdeems d'Inegalitéiten zu Lëtzebuerg weider verstäerkt. Leit, déi schonn net vill haten, hu lo nach manner.

Invité vun der Redaktioun: Marie-Josée Jacobs

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.