Zielung vu Sans-abrien: "Et ass eng Momentopnam vun engem Owend"
En Dënschdeg de Moie waren d'Sans-abrien Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Zuel vun de Sans-abrien zu Esch an an der Stad ass iwwert déi lescht dräi Joer relativ konstant bliwwen, dat weisen op d’mannst d’Zuele vum Recensement, deen zanter 2022 gemaach gëtt. Et ass eng Momentopnam vun engem Owend, sot den Edvard Skrijelj e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass den Direkter vun Inter-Actions, déi d’Zielung vun den Obdachlosen organiséiert. Knapp 200 Sans-abrie ginn zum Beispill an der Stad gezielt.
D’Kritik, datt d’Zuele bewosst niddreg gehalen oder manipuléiert ginn, léisst hie wéi och de Familljeminister Max Hahn e Méindeg an der Chamberkommissioun net gëllen. Virun engem knappe Mount war de leschte Recensement an der Stad an zu Esch. Do leien nach keng nei Zuele vir. Zejoert goufen 191 Obdachloser an der Stad an 19 zu Esch gezielt. Da gëtt awer och nach d’Wanteraktioun consideréiert, sou datt een op 360 Obdachloser an 68 Wunnengsloser kënnt, dat si Leit, déi zwar och keen Doheem hunn, awer net op der Strooss schlofen, mä an engem Foyer.
Recensement kann een nach verbesseren
Fir d'Methodologie gouf sech am Ausland inspiréiert. Zil ass et, d'Hannergrënn vun de Schicksaler ze verstoen an op där Basis no Léisungen ze sichen. D’Zuelen, och wa se net komplett sinn, géifen hëllefen, fir d’Sozialaarbecht besser unzepassen. Fir d’éischt gouf just an der Stad gezielt, dono och zu Esch an d’Wanteraktioun gëtt zousätzlech gekuckt. Et kéint ee sécher iwwerleeën, fir de Recensement weider ze verbesseren. D’Sozialaarbechter, déi zielen, ginn net a Squats, also a besate Privathaiser eran. Aner Gemenge wéi d’Stad oder Esch ginn net berücksichtegt, grad esou wéi Leit, déi an där Nuecht bei engem aneren doheem schlofen.
Wanteraktioun vum 15. November un, fir datt keen op der Strooss erfréiert
D’Wanteraktioun fänkt elo de 15. November un an dauert bis Mëtt Abrëll. Inter-Actions, HUT an d’Croix Rouge sinn hei involvéiert. Zejoert gouf et Kritik, datt net méi jiddereen eng Plaz krut, mä datt een huet missen noweisen, datt een op d’mannst dräi Méint am Land ass. Sou wéilt ee "Sozialtourismus" evitéieren, hat de Minister Hahn zejoert argumentéiert, well d’Zuelen an der Wanteraktioun sech ze staark entwéckelt haten. Den Direkter vun Inter-Actions wollt déi politesch Decisioun net weider kommentéieren. Seng Organisatioun konzentréiert sech drop, fir de Leit um Terrain ze hëllefen an och fir e Suivi ze maachen, fir laangfristeg Léisungen ze fannen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.