En Donneschdeg de Moie war den Direkter vum ACL eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Elektroauto soll eng grouss Roll an Zukunft spillen. Bis 2030 sollen 49% vun den Autoen hei am Land elektresch fueren. Sou wéilt et d‘Regierung.

Den ACL zweiwelt drun, datt dat realistesch ass. Den Direkter Jean-Claude Juchem war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. 440.000 Privatautoe géif et hei am Land ginn. 215.000 Ween missten deemno an den nächsten 8 Joer ëmgestallt ginn, dat heescht 26.000 elektresch Autoen d‘Joer an iwwer 2160 Immatrikulatiounen vun Elektro-Autoen am Mount.

Et géing also ganz vill vun der Attraktivitéit vun esou Gefierer ofhänken. Wann een dann géing bedenken, dass de Primmesystem vum Staat soll am Abrëll d‘nächst Joer och auslafen an donieft duerch d‘Pandemie och een Retard bei den Chippen an deemno och e Retarde beim Ausliwweren vun den Autoen mat sech bréngt, dann kéint een sech jo denken wéi attraktiv den Elektroauto nach ass. Den Elektroauto eleng wär och net d‘Léisung, d‘Infrastruktur géif och dozou gehéieren. Déi misst méi ausgebaut ginn, sou de Jean-Claude Juchem.

Jean-Claude Juchem: Fir 2020 waren 800 ëffentlech Bornen annoncéiert. 500 ginn et der aktuell, plus 88 Superchargeren. D‘Betriber musse méi mat an d'Diskussioun geholl ginn. Idealerweis gëtt den Auto doheem geluede ginn. Fir déi mat Privathaus misst dat machbar sinn.

Ëmmer méi Leit géifen awer a Residencë wunnen oder iwwer d'Grenz.

Den Elektroauto eleng wär och net d‘Léisung, d‘Infrastruktur géif och dozou gehéieren an déi misst méi ausgebaut ginn. Eigentlech wier geplangt gewiescht fir 800 Bornë bis Enn d‘lescht Joer z‘installéieren, aktuell wieren et der awer just ronn 500. Do derbäi kéimen dann nach déi 80 Super-Chargy-Bornen. Donieft géingen och ëmmer méi Leit a Residencë wunnen oder iwwer d‘Grenz eraus, och dat misst ee bedenken. Op alle Fall misst d‘Politik do och d‘Betriber méi mat an d‘Verantwortung huelen, well d‘Leit nieft hirem Doheem virun allem Zäit op der Aarbecht verbréngen. Ma dat géing substantiell Investissementer bedeiten, eng Borne géing ëm 20.000 Euro kaschten, sou den Invité. Do bräicht et dann och finanzielle Support.

Den Automobilsclub gesäit sech haut och éischter als „Mobilitéitsclub“. Wann de Member sech beweegt, egal ob mam Auto, mam Vëlo oder ze Fouss, géif den ACL bei engem Problem hëllefen, sou hiren Direkter.

Aktuell hätt een 192.000 Memberen. Zejoert wären 2,5% bäi komm.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Claude Juchem

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.