"Eng Spekulatiounssteier bréngt eis net weider"
E Mëttwoch de Moie war de President vun der Chambre Immobilière eisen Invité vun der Redaktioun.
An der Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier e "Paradigmewiessel" an der Logementspolitik annoncéiert, mee dee géif et net ginn. Et wieren déi nämmlecht Rezepter, déi schonn déi lescht 40 Joer näischt bruecht hätten. Dat sot de Jean-Paul Scheuren, de President vun der Chambre Immobilière, de Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
Déi annoncéiert Spekulatiounssteier géif näischt bréngen, näischt daachen. Et wier eng Niwwelmaschinn. Si géif Promoteuren och net concernéieren, Promoteure wäre keng Spekulanten. Si wiere jo grad interesséiert drun, datt d'Projete géife séier realiséiert ginn.
Allgemeng wieren d'Prozeduren ze laang. Grouss Lotissementer daueren 10 bis 15 Joer. D'Gemengen hätten hir PAGen och nach net all an et kéint net sinn, datt Environement oder Sites et Monuments Dossieren ëmmer nees géifen ausbremsen.
Fir méi ze bauen, misst een déi privat Promoteuren – d'Profien, wéi de Jean-Paul Scheuren se nennt - mat an d'Boot huelen an och mat Scholdzouweisungen ophalen. Och am Secteur vu bezuelbarem Wunnraum dierft ee Sue verdéngen. Dat wier näischt Falsches.
Zanter Jore vermësst de President vun der Chambre Immobilière en Dialog mat de Promoteuren. Et géif net mat hinne geschwat ginn. De Staat géif gär alles eleng maachen. Nëmmen op staatlech Bauträger setzen, mam Resultat, dat ee kennt. Mä nëmmen zesumme kéint een dëse gigantesche Problem léisen. Awer net mat deem aktuelle Gepiddels, sou de Jean-Paul Scheuren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.