E Freideg de Moie war d'Presidentin vun der OAI eis Invitée vun der Redaktioun.

Leider géing beim Bauen net ëmmer mat Architekten an Ingenieure geschafft ginn, dobäi géingen dës e wichtege Bäitrag fir de Client leeschten, notamment a puncto Kontroll, seet déi nei Presidentin vun den Architekten an Ingenieuren. D'Michelle Friederici bedauert, dass si net ëmmer genuch unerkannt géinge ginn.

Leider géif et och eng Penurie bei de genannte Beruffer ginn. Et kéimen net genuch jonk Leit no. A wann, da géife se no hirer Ausbildung dacks bei de Staat goen. Leider wier d'Remuneratioun am Secteur vun den Ingenieuren an Architekten net ëmmer déi bescht.

Beim Logement hätt déi aktuell Regierung net alles falsch gemaach, ma et bléifen eng Rei oppe Froen, sou d'Michelle Friederici. Zum Beispill misst méi kloer definéiert ginn, wat mat "Logement abordable" gemengt ass. Da bereeden och schwéierfälleg administrativ Prozeduren dem OAI weiderhi Schwieregkeeten, fir séier ze bauen.

Et wier villes geschitt, de Knuet géing sech léisen, mä net séier genuch. D'Densitéit beim Baue kéint eng Léisung sinn, d'Wunnqualitéit dierft awer net ze kuerz kommen. D'Perimetererweiderung wier net onbedéngt e gudde Wee. Bei de Jonke géif et e bëssen e Mentalitéitswiessel ginn, wat zum Beispill alternativ Wunnformen ugeet.

Invité vun der Redaktioun: Michelle Friederici

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.