En Donneschdeg de Moie war den Wirtschaftsminister eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Regierung wier net Schold un den héije Spritpräisser. D'Ausso vun der ADR wier absolutte Mumpitz. Dat seet de Wirtschaftsminister Franz Fayot am RTL-Interview. D'Hausse wier e weltwäite Phenomen, d'Demande wier ganz héich. D'Lëtzebuerger CO2-Steier géing just eng minimal Roll spillen.

Fir déi weider Hausse vun der CO2-Steier auszesetzen, dat wier e komplett falscht Signal, do stéing hie voll a ganz hannert dem Energieminister Claude Turmes.

D'Steierhausse misst awer, a géif och, sozial opgefaange ginn.

Déi emissiounsfräi Mobilitéit kéim elo rasant, déi Transitioun wier am Gaang, verschidde Lëtzebuerger Zouliwwerer wiere schonn am Gaange sech komplett ëmzestellen.

Et hätt een och erkannt, datt privat Acteure bei der Installatioun vun Elektroborne sollen ënnerstëtzt ginn.

An der Suite vun der Pandemie gëtt et Problemer mat de Liwwerketten. Ënner anerem d'Garagiste géingen den Ament keimen. Do géinge Gespréicher lafen, fir ze kucken, wéi een dat opfänkt. An den nächste Méint géing dee Phänomen awer wuel zeréck goen.

D'Pandemie kritt keen Enn, och zu Lëtzebuerg klammen d'Zuelen. E Lockdown wëll een à tout prix evitéieren. Am Moment ass och nach kee Mesurë-Pak virgesinn, fir de Fall wou et nees zu Fermeturë sollt kommen.

Et géif awer Diskussioune mat de verschiddene Branchë ginn déi leiden, do misst ee kucken, ob een net via de Chômage partiel nach kann eppes maachen.

Fir ze evitéieren, datt d'Situatioun nach méi schlëmm gëtt, missten onbedéngt nach méi Leit sech impfe loossen, sou nach de Franz Fayot.

Invité vun der Redaktioun: Franz Fayot

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.