En Dënschdeg de Moie war d'DP-Deputéiert a Stater Schäffin Simone Beissel eis Invitée vun der Redaktioun.

Et gesäit a priori net esou aus, wéi wann et nach zu engem Referendum iwwert d'Verfassungsrevisioune kënnt. Där Meenung war op jidder Fall d'Simone Beissel en Dënschdeg de Moien hei op RTL. D'DP-Députéiert a Rapportrice fir d'Revisioun vum Kapitel "Rechter a Fräiheeten" vun der Verfassung geet dovunner aus, datt wann eng Online-Petitioun keng 25.000 Ënnerschrëfte gesammelt krut, déi regulär Prozedur via d'Gemengen dat och net wäert hikréien. D'Simone Beissel huet nach emol erkläert, firwat an den Ae vun de Regierungsparteien – a bis viru kuerzem der CSV – e Referendum keng gutt Iddi wier. Bei 150 Artikele géing et de Risiko ginn, datt engem dat eent net wäit genuch geet, dat anert ze wäit an een dann "Nee" stëmmt. An dann hätt een duerno keng nei Verfassung, sou d'liberal Politikerin.

D'Simone Beissel huet och de Virworf net gëlle gelooss, datt d'Politik iwwert de Käpp vun de Leit géing Decisiounen huelen. Bei der Revisioun vum Kapitel "Justiz" wier et just ëm "Technicitéiten" gaangen. Bei den anere Kapitele wier d’Informatiounscampagne elo am Gaang. Déi nei Artikelen, déi an d'Kapitel "Rechter a Fräiheeten" proposéiert ginn, wieren iwweregens vun de Bierger selwer komm, sou d'Simone Beissel. Si huet Folgendes opgezielt: de Schutz vun de Kanner, de Schutz vun den Déieren, den Dateschutz, den Zougank zur Kultur, de Schutz vum kulturellen Ierwen oder nach d'Fräiheet vun der Recherche.

No der Kritik vun der ADR, mat der Verfassungsrevisioun géint de Begrëff "Famill" verwässert ginn oder d'Auslännerwalrecht zur Hannerdier erbäigefouert ginn, wieren déi aner Deputéiert "bal vun de Still gefall". D'Verfassung esou ze liesen, wier an hiren Ae total falsch. D'Simone Beissel huet erkläert, datt d'europäesch Mënscherechtskonventioun vu 1950 an d'europäesch Charta vun de Grondrechter vun 2000 iwwert der Verfassung géinge stoen an elo d'Verfassung just géing komplettéiert ginn. Wat d'Auslännerwalrecht ugeet, géing ee sech strikt un d'Resultat vum Referendum vun 2015 halen.

"All Verständnis fir den Hond"

En anere Sujet am Interview mam Simone Beissel war och d'Debatt iwwert d'Sécherheet an der Stad. Déi vun der Regierung ugekënnegt "Garantie d’accès" - de Platzverweis an den Entréeë vun de Gebaier - géing an den Ae vum Simone Beissel net duergoen. Éischtens misst dat Mol "iwwert d'Bün goen" an zweetens bräicht een nach d'Leit dofir. D'Stater Schäffin huet den Asaz vu private Sécherheetsleit verdeedegt, déi néideg wiere bis genuch Polizisten do sinn, "well d’Polizisten halen anscheinend um 6 Auer (18 Auer) op an dann hunn all d'komesch Gestalten op der Gare Kiermes".

Den Tëschefall am August, wéi en Hond vun der privater Sécherheetsfirma e Mann gebass huet, wier iwwerdeems "iwwerbewäert", sou d'Simone Beissel, déi "all Verständnis fir den Hond" huet. Si hätt selwer grouss Hënn doheem an all Hond, deem säi Meeschter ugegraff gëtt, dee géing bäissen. Am Géigesaz zur Plagiatsaffär vum Xavier Bettel, bei där d'DP wëll d'Analys vun der Uni Nanzeg ofwaarden, wier fir d'Simone Beissel bei der Hondsattack scho virum Ofschloss vun der Enquête kloer, datt de Mann "aggressiv" gewiescht wier an den Hond wéi gesot, alles richteg gemaach hätt. Hir "Pro-Hond-Aussoen" wieren awer dorobber zeréckzeféieren, datt nodeems d'privat Sécherheetsleit esouvill gehollef hätten, een Tëschefall duergéing goen, fir datt "d’Welt ze kleng ass". Mee si huet zouginn hir "Pro-Hond-Aussoen" wieren "e bësse subjektiv".

Invité vun der Redaktioun: Simone Beissel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.