E Freideg de Moie war de Bildungsfuerscher a Professer vun der Uni Lëtzebuerg eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir hunn eng Rei enorm Challengen an eisem Schoulsystem. Dat sot den Antoine Fischbach, Bildungsfuerscher a Professer op der Uni Lëtzebuerg, deen den nationale Bildungsbericht matgeschriwwen huet. Hien war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Ob d‘Lëtzebuerger Schoul prett wier fir d‘Zukunft, dat kéint een net esou einfach beäntweren, mä et wier decidéiert ginn, fir sech bei der Fro engersäits op d‘Digitaliséierung an anerersäits op déi nohalteg Entwécklung ze konzentréieren. Woubäi een awer natierlech net déi sozial Ongläichheete géing aus den Ae verléieren. Du wier awer och nach d‘Zukunft a Form vun de Coronakris als 4. Thema am Bildungsbericht derbäi komm, erkläert den Direkter vum LUCET, dem Luxembourg Centre for Educational Testing op der Uni.lu.

Wat dat Digitaalt ugeet, wier an de leschte Joren enorm vill geschitt. Et hätt ee vill investéiert an dat géing och an de Schoul-Curriculum integréiert ginn. Wat d‘Nohaltegkeet ugeet, do ass d‘Conclusioun, dass et vill Initiativen an de Schoule gëtt, ma et géing awer un engem strukturelle Rahmenplang „vun uewen“ feelen. Duerch d’Pandemie wier ee bis ewell iwwerdeems, virun allem am Verglach mam Ausland, gutt komm. Just beim «Däitsch-Héier-Verstoen» wieren d’Performancen awer erofgaangen. Dat, well d‘Kanner doheem zwar weiderhi vill Videoen op Däitsch kucken a lauschteren an och op Däitsch liesen, mä manner schwätze wéi soss.

Een anere grousse Constat wier, dass d’Leeschtunge vun de Schüler net iwwerméisseg staark gefall wieren, mä déi sozial Ongläichheeten, déi ëmmer schonn do waren, tëscht Kanner vun ënnerschiddlechen Originnen a sozio-ekonomesche Background a mat anere Mammesprooche wier nach méi grouss ginn. Dat wier natierlech an der Kris net besser ginn, well d‘Schoul déi dësen Effet e bëssen géing kompenséieren, zou war oder vun doheem organiséiert gouf.  Fir den Ament gëtt et och nach keng Donnéeë ginn, déi weise géingen, dass déi 6 ëffentlech international Schoulen am Land, déi bis ewell grousse Succès hunn, d'Schoul fir Kanner mat anerem Sprooche-Background méi gerecht mécht. Dat géif sech eréischt à long terme kënne weisen, sou den Invité.

Invité vun der Redaktioun: Professer Antoine Fischbach

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.