Immigratiounsdebat soll mat Fakten an net mat Emotioune gefouert ginn
En Donneschdeg de Moie war de Porte-parole vun der Asti eisen Invité vun der Redaktioun.
Mir schwätzen zanter Joren iwwer Gefiller an Ängschten an net iwwer wëssenschaftlech Fakten, wann et iwwert d'Thema Immigratioun geet. Dee Constat huet de Sérgio Ferreira, Porte-Parole vun der Auslännerorganisatioun Asti, um Donneschdeg de Moien hei op der Antenn gemaach. Hie war den Invité vun der Redaktioun.
Als Beispill nennt hien déi sougenannte Flüchtlingskris, déi beschriwwe gi wier wéi wann Europa géing iwwerrannt ginn, woubäi d'Zuel vu Mënschen, déi Schutz sichen, par Rapport zu der Populatioun allgemeng kleng ass.
Wat d'Situatioun vun de Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ugeet, géingen et nach ëmmer Problemer ginn, well keng Plaz an de Foyere wier. D'Leit, déi de Flüchtlingsstatut schonn hunn zu Lëtzebuerg, géingen net aus de Foyeren erauskommen, well si keng Aarbecht géinge fannen a keng Wunneng. Och d'Donnéeë vun der OECD géinge weisen, datt den Taux vun der Integratioun um Aarbechtsmaart vun de Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ganz niddereg wier. D'Asti fuerdert an deem Kontext eng besser Sproochepolitik an de Coursen an och an der Praxis. Et wier net nëmme fir d'Flüchtlingen, mä fir d'Auslänner allgemeng e Problem, datt si am Alldag kaum Geleeënheeten hätte fir d'Sprooch ze praktizéieren.
D'Corona-Pandemie hat natierlech en Impakt op d'Integratiounsaarbecht - dofir bréicht et Kontakter, an déi sinn ageschränkt. D'Informatiounen iwwert d'Situatioun an d'Mesuren zu Lëtzebuerg géinge mëttlerweil bei de Leit an hirer Sprooch ukommen, dat wier kee Problem méi, esou de Sérgio Ferreira.
Wat de Fall vun enger Brasilianerin ugeet, déi Plainte géint hire Patron gemaach hat a riskéiert huet expulséiert ze ginn, hat de Spriecher vun der Asti gutt Nouvellen - si krut elo hir Openthaltsgeneemegung. Dat ass méiglech a Fäll, an deenen eng Persoun op der Aarbecht ausgebeut gëtt. De Fall hätt awer gewisen, datt de System net gutt fonctionéiert. D'Fra hätt de Courage gehat bei d'Police ze goen, fir Ausbeutung a sexuellen Harcelement ze denoncéieren an déi éischt Reaktioun wier gewiescht hir de Pass ofzehuelen. Zesumme mat den zoustännege Ministère géing d'Asti aktuell kucken, wéi dat an Zukunft kéint verhënnert ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.