E Mëttwoch de Moien war den Dr. Pit Buchler, President vum Collège médical, eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Dr Benoît Ochs huet aus der Condamnatioun an éischter Instanz näischt geléiert an ass weider gefuer, dat bedauert den Dr Pit Buchler. De President vum Collège médical war den Invité vun der Redaktioun.

Dat zoustännegt Geriicht hat an éischter Instanz festgehalen, datt den Dr Ochs am Kontext vun der Pandemie géint eng Partie Artikele vum Code de déontologie verstouss hat. Den Allgemeng-Medezinner war an Appell gaangen a waart elo op d'Urteel an zweeter Instanz. Dem Collège médical wieren iwwregens weider Saachen opgefall an dësem Dossier. Et ass net ausgeschloss, datt ee weider Demarchë géint de genannten Dokter op de Wee bréngt, sou de Pit Buchler. Och bei engem aneren Dokter misst ee wuel disziplinaresch Moossnamen envisagéieren. Hei wollt den Dr Buchler awer net weider an den Detail goen.

De Collège médical ass géint eng sektoriell an altersgebonnen Impfflicht. Dat aus gesellschaftlechen, medezineschen an organisatoresche Grënn. Et misst fir deen een, ewéi fir deen aneren sinn an dat géif nëmmen mat enger allgemenger Impfflicht goen.

De Collège huet iwwerdeems guer kee Versteesdemech fir d'Haltung vun der Patientevertriedung, déi sech géint eng Impfobligatioun ausschwätzt. Hei hätt een d'Gefill, datt d‘Asbl net géint d‘Impfflicht ass, mä géint d‘Impfung selwer.
 
Omikron hätt d'Pandemie-Situatioun effektiv verännert, well d'Variant e manner schlëmmen Krankheetsverlaf matsechbréngt, sou nach de President vum Collège. Et misst een awer nei Corona-Varianten am Hierscht fäerten.
Den Dr. Buchler hofft dowéinst, datt sech nach vill Leit fräiwëlleg impfen.

Invité vun der Redaktioun: Dr Pit Buchler

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.