1-2 Deeg Teletravail d’Woch maache Sënn
En Dënschdeg de Moie war den Direkter vun der Chambre des salariés eisen Invité vun der Redaktioun.
Den Teletravail huet eis wärend der Kris gutt gehollef. Op Dauer kéinten 1-2 Deeg Teletravail a ville Beräicher d’Norm ginn, wat och sënnvoll wär fir Beruff- a Privatliewen besser ze kombinéieren. Vill méi wär awer net onbedéngt gutt, seet de Sylvain Hoffmann, den Direkter vun der Chambre des Salariés. Hie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Méi Homeoffice wéi eemol d’Woch wär fir d’Kultur an den Entreprisen an de soziale Wäert vun der Aarbecht z’erhalen net gutt, fënnt de Sylvain Hoffmann. Dat hätt nämlech och Nodeeler, wann ee vill vun doheem aus schafft.
Den obligatoreschen CovidCheck op der Schaff, deen de 15. Januar kënnt, gesäit een op Gewerkschaftssäit nach ëmmer skeptesch. Besonnesch am Ufank kéint et chaotesch Situatioune gi beim d’Kontroll oder bei den Testcapacitéiten bis dat sech agependelt huet. Fir den Direkter vun der CSL bleift et eng sozial ongerecht Mesure. Wann ee méi verdéngt, kéint ee sech et besser leeschten sech testen ze loossen.
Wann et medezinesch gerechtfäerdegt ass, wier et iwwerdeems fir de Sylvain Hoffmann eng gutt Saach, wann d’Isolatiounszäit no enger Infektioun verkierzt kéint ginn. Wéinst der Omikron-Variant klamme jo d’Infektiounen a vill Leit beieneen riskéieren op der Aarbecht ze feelen.
Wéi belaaschtend déi aktuell Situatioun fir vill Salariéen ass, weist sech och am neisten «Quality of Work Index». D’Chambre des Salariés mécht déi representativ Ëmfro all Joer. Nach sinn déi leschten Donnéeë vum Summer zejoert net publizéiert. Mä et géif sech weisen, datt déi negativ Entwécklungen, déi scho viru Corona ugefaangen hunn, sech verstäerkt hunn. Burnout an Depressioune riskéieren ëmmer méi e Problem ze ginn. 40% vun de Salariéeë fäerten e Burnout oder Depressiounen. 15% gesinn e staarke Risk vun enger Depressioun bei sech. 6% vun de Beschäftegten hätten och Selbstmordgedanken.
Dat wäre beonrouegend Tendenzen, seet de Sylvain Hoffmann. Déi psychosociaux Risiken op der Aarbecht géifen nach ëmmer op déi liicht Schëller geholl ginn. Et misst een do, wéi bei kierperleche Risiken op der Schaff, preventiv schaffen.
D’Inflatioun spieren d’Leit am Portmonni. D’Kafkraaft wier e Problem, mengt den Direkter vun der Chambre des Salariés. D’Steierlaascht géif klammen. D’Chambre de Commerce hat gefuerdert, datt den Index-System iwwerschafft gëtt. Datt Alkohol, Tubak an deels d’Energie aus dem Index-Wuerekuerf eraus geholl ginn. Fir de Sylvain Hoffmann mécht dat kee Sënn. Den Index wär e Reflet vun deem, wat d’Leit consomméieren, a sollt net en Instrument si fir Gesondheets- oder Klimapolitik ze maachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.