E Méindeg de Moie war den Dr. Romain Nati eisen Invité vun der Redaktioun.

"Mir si prett, fir kuerzfristeg ze reagéieren", dat sot den Dr. Romain Nati, Generaldirekter aus dem CHL, mat Bléck op déi vill Neiinfektiounen aus der leschter Woch. Nach wéisst een net, wéi sech d’Rekordzuelen op d’Spideeler auswierken. Den Dr. Nati war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

De Verglach mat anere Länner, déi scho méi wäit an der Omikron-Well sinn, wier net onbedéngt ze recommandéieren, esou nach den Dr. Nati, well vill verschidde Facteure géinge matspillen.

Den Ament missten am CHL keng Operatioune verluecht ginn, ma tendenziell weise sech d’Hospitalisatiounen ëmmer eréischt mat engem gewëssen Decalage. Wat d’Patienten ugeet, déi wéinst Covid-19 hospitaliséiert ginn, esou gesäit een esouwuel geimpften, wéi net-geimpfte Leit. Woubäi een awer géing gesinn, dass déi geimpfte Patienten am Duerchschnëtt méi al sinn. Dat wier esou z'erklären, dass d’Impfung an deene Fäll net esou gutt gegraff hätt, ausserdeem wieren nach aner Pathologien am Spill. Déi Patienten, déi net-geimpft hospitaliséiert ginn, wieren dem Generaldirekter vum CHL no an der Moyenne méi jonk an doduerch och manner krank.

D’Statistike vun der Santé weisen, dass, Stand Ufank Januar, 85% vun allen Hospitalisatiounen op der normaler Statioun zanter dem Ufank vun der Pandemie Leit iwwer 40 Joer waren. Op der Intensivstatioun waren et 92%, déi iwwer 40 waren.

Den Dr. Nati wier fir eng generell Impfflicht, déi kéint sech och limitéieren, zum Beispill op Leit iwwer 60 Joer. Och eng sektoriell Impfflicht kéint de Generaldirekter vum CHL sech virstellen. "Et ass natierlech keen Allheelmëttel an et soll ee sech keng Wonner dovunner erwaarden", ma d’Zirkulatioun an d’Transmissioun vum Virus géingen awer reduzéiert ginn.

Den Impfschutz géing zwar am Laf vun der Zäit noloossen, ma dogéint kéint ee mam Booster virgoen. Dowéinst wier den Delai och op 3 Méint no der 2 Dosis erofgesat ginn. Zu den Etüden aus Israel, déi no enger 4. Impfung festgestallt hunn, dass de Schutz immens séier nees erofgeet, sot den Dr. Nati, dass ee Fuerschungen zu der neier Variant nach sollt ofwaarden.

Omikron huet ausserdeem nach a villen europäesche Länner Personalmanktem ausgeléist, well sech sou vill Leit gläichzäiteg ustiechen a sech da mussen isoléieren. Dat wier den Ament och am CHL de Fall, wou 50 Leit am Isolement sinn. Dovunner sinn der eng 30 Infirmièren oder Infirmieren. Déi Leit hätten awer nëmme liicht Symptomer an et géing een alles maachen, fir de Fonctionnement vum Spidol allzäit ze sécheren. 95% vum Personal am CHL wier geimpft an déi meescht och geboostert.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Romain Nati

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.