E Freideg de Moie war déi gréng Deputéiert a Co-Parteipresidentin eis Invitée vun der Redaktioun.

Ech kann d'Kritik, wëssenschaftlech gesinn, novollzéien, datt Impfflicht ze spéit kënnt, politesch a gesellschaftlech awer net. Et hätt een nämlech ëmmer gehofft, datt een derlaanscht kéim. Dat sot d'Djuna Bernard, Deputéiert a Co-Presidentin vun déi Gréng, am RTL-Interview. Lo hätt ee sech op Basis vu wëssenschaftleche Recommandatiounen dofir decidéiert an dat wier kee politeschen Opportunismus. Et hätt ee scho virdrun op medezinesch Experte gelauschtert. Ma d'Politik misst awer och nach aner Avise consideréieren, zum Beispill och juristescher. Wichteg wier och, fir elo opzepassen, datt een d'Gesellschaft net weider spléckt. Dofir wier Dialog wichteg.

Ëmgang mat Fake News

D‘Fro vun der Desinformatioun, déi besonnesch geziilt an de soziale Medie verbreet gëtt, wier extreem wichteg an der Debatt ronderëm d‘Pressefräiheet, déi en Donneschdeg de Mëtteg och an der Chamber thematiséiert gouf. Do misst een eiser Invitée no, virun allem op europäeschem Niveau virukommen. Am Europaparlament gouf en Donneschdeg den „Digital Service Act“ gestëmmt. Dovunner wär een Volet, dass sozial Medieplattforme méi streng kënne reguléiert ginn. Do misst awer nach méi geschéien, notamment dass falsch Informatiounen op deene Plattforme kënnen denoncéiert a suivéiert ginn. Donieft misst virun allem méi an der Mediebildung hei am Land gemaach ginn, fuerdert d‘Djuna Bernard.

Corona-Maniffen

En anere Sujet war d'Gewalt bei de Corona-Manifestatiounen. Demonstratiounen, déi net ugemellt sinn, wou Polizisten attackéiert ginn, huet d'Djuna Bernard schaarf verurteelt. Et géing eng Méiglechkeet ginn, fir ze demonstréieren an engem festgeluechte Perimeter. Déi Leit, déi zum Beispill leschte Samschdeg op der Gare matgelaf sinn, woussten, dass dat illegal wier an do hätt d‘Police sech elo gutt Moyene ginn, fir dorop ze reagéieren, notamment mat enger Identitéitskontroll.

SuperDrecksKëscht

E weidere Sujet war d‘Affär SuperDrecksKëscht. Well de Vertrag vun der Firma mam Staat op wackelege Bee steet, soll elo en neit Finanzéierungsgesetz gestëmmt ginn, dat awer ouni op eng Rei oppe Froen ze reagéieren. Et misst een differenzéieren. An de juristeschen Avisen ass et ëm d‘Fro gaangen, ob d‘SuperDrecksKëscht een eegent Finanzéierungsgesetz brauch an do war ee sech eens, dass et dat bräicht. Dat anert wiere Froe ronderëm de Fonctionnement, d‘Gestioun an de Kontrakt vun der SuperDrecksKëscht. An doranner wiere keng Onreegelméissegkeete festgestallt ginn, sou d'Djuna Bernard.

Invité vun der Redaktioun: Djuna Bernard

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.