En Donneschdeg de Moie war d'Kanner- a Jugendpsychiaterin eis Invitée vun der Redaktioun.

D’Corona-Pandemie huet en enormen Effekt op eist Séilen-Liewe. Wat se méi laang dauert, gëtt dee méi grouss. An d’Auswierkunge si besonnesch op méi jonk Leit. Well hinnen déi onbeschwéiert Zäit zesumme mat de Gläichalterege feelt. Dat sot d’Dr. Salima Aarab en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

D’Kanner a Jugendpsychiaterin aus den Hopitaux Robert Schuman, huet erkläert, dass verschidde Problemer sech bei de Jonken an der Kris verstäerkt hätten. Beispillsweis Angschtzoustänn, Iessstéierungen, oder Mediesucht. An der Psychotherapie hätt ee bemierkt, dass virun allem Meedercher betraff sinn. Dat kéint awer och doduerch sinn, dass sech Meedercher tendenziell éischter Hëllef sichen, wärend Jongen dacks méi a sech eragekéiert sinn.

Och d’Suicide-Versich hätten zougeholl. Vill Jonker hätte Problemer nees an engem «normalen» Alldag richteg Fouss ze faassen, seet d’Doktesch, well et vill Onsécherheete gëtt. Jonker géinge sech froen, wisou si sech an engem Veräin oder engem Hobby sollten engagéieren, wann d’Méiglechkeet besteet, dass alles ofgesot gëtt. Et géing deemno bei verschiddener u Motivatioun feelen.

An der Kanner- a Jugendpsychiatrie hätt een eng Hausse vun der Demande och scho virun der Pandemie bemierkt. Mat der Demande wieren d’Versuergung an d’Ressourcen awer net mat geklommen. Déi aktuell Krise hätt dee Problem nach weider verstäerkt.

Allgemeng gëtt et am Land e Manktem vu Psychiateren, haaptsächlech och fir Jonker. Do géing et och un Therapeute feelen, déi konkret um Terrain kënne schaffen. De Service national de la Psychiatrie Juvenile konnt déi stationär Offer am September zwar vergréisseren, mee dat néidegt Personal wier awer net accordéiert ginn, esou d’Psychotherapeutin Dr. Salima Aarab. D’Prise en charge vun engem Kand oder Jugendleche wier nämlech vill méi komplex, well och mat den Elteren muss zesumme geschafft ginn. Dat direkt Ëmfeld an d’Schoul ginn a verschidde Fäll och mat agebonnen, wat Ressourcë bënnt.

Dem nationale Service vun der Jugendpsychiatrie feelt och en ambulante Service. Mat Jugendlecher, déi méi komplex Problemer hunn, wier et wichteg méi spezifesch an intensiv ze schaffen. Dat géing am beschten funktionéieren, wa verschidde Beräicher consideréiert ginn. Da missten awer och Professioneller aus verschidde Beräicher zesumme schaffen. Ausserdeem géing am Norden och eng Dagesklinik feelen.

D’Situatioun, wéi se den Ament wier, géing och dorop schléisse loossen, dass d’Demande och an de nächste Joren net wäert ofhuelen, esou d’Dr. Aarab. Ëmsou méi wichteg wier et dowéinst, gutt Behandlungsméiglechkeeten unzebidden. Gi Problematiken nämlech chronesch, féiert dat spéider zu grave Konsequenzen, wéi dass Jonker d’Schoul ofbriechen, keng Aarbecht fannen a net richteg Fouss faasse kënnen. Elo an déi jonk Generatioun ze investéieren wier dofir besonnesch wichteg.

Och am familiären Ëmfeld oder an der Schoul réit d’Dr. Aarab net fortzekucken, wann e Kand oder e Jonken Opfällegkeete weist, mee nozefroen an nozelauschteren. Direkt Tipps ginn, wéi een et besser maache soll, wier kontraproduktiv, well Jonker dann dacks zou maachen a sech net méi uvertrauen.

Wann en Trainer um Beispill nofreet, wisou e Jonke net méi an de Sportveräin kënnt, kéint dat hëllefen ze motivéieren an ze verhënneren, dass ee sech ze vill zeréckzitt. Domadder signaliséiert een der jonker Persoun dann och, dass si net eleng ass.

Invité vun der Redaktioun: Salima Aarab

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.