E Freideg de Moien war den Horesca-Generalsekretär eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir wëssen nach guer näischt, haten awer kloer gefuerdert, datt déi Spärstonn ewechfält. Dat sot de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca e Freideg de Moien am RTL-Interview. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun. Duerch d'Spärstonn hätte verschidde Restauranten hiren zweete Service misse sträichen an och Diskoe konnten net opmaachen.

D'Informatiounscampagne vun der Santé wier eng Katastroph. Clienten, awer och Betriber hätten den Duerchbléck bei de Mesurë verluer. Déi nei Reegele missten dowéinst méi kloer sinn a méi laang gëllen.

Verschidde Moossnamen, déi kee Sënn maachen, missten ewechfalen, zum Beispill d'Schnelltester, obwuel een zweemol geimpft ass. D’Infektiounszuele wären och mat der Spärstonn oder dem 2G+ duerch de Plaffong gaangen. De François Koepp hofft, datt déi nei Mesurë spéitstens fir Vältesdag de 14. Februar kënnen ëmgesat ginn.

Wat coronabedéngt Absencë beim Personal ugeet, dat géif vu Betrib zu Betrib änneren. Allgemeng hätten 2.000 Leit de Secteur verlooss an et wär schwéier, fir neit Personal ze fannen.

Den Ament wier et "terribel roueg", wat d’Clienten ugeet. Sief et wéinst dem Teletravail oder de Quarantänen.

Och déi héich Energie- a Wuerepräisser maache Suergen. E mëttelstännege Betrib, zum Beispill am Éislek, misst eleng fir d’Elektresch 300.000 Euro méi bezuelen. Et wär eng Frechheet, wat den Ament géif geschéien an eng iergeleeten europäesch Energiepolitik, huet sech de François Koepp opgereegt.

Invité vun der Redaktioun: François Koepp

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.